Lëtzebuerg muss vu Recetten aus Tubak a Sprit fortkommen, esou Cour des comptes
An hirem Avis zum Budget kritiséiere d‘Cour des comptes och, datt Lëtzebuerg net prett fir eng weider Kris ass.
Lëtzebuerg misst seng Steierpolitik iwwerdenken a fortkommen vun de Recetten aus dem Tubak- a Spritkonsum. Dat schreift d‘Cour des comptes an hirem Avis zu Budgetsprojet. Et wier net kloer, ob d‘Recetten aus de Steieren um Tubak grouss genuch sinn, fir d‘Käschten ze decken, déi den Tubak-Konsum notamment am Beräich vun der Santé huet. Dat Selwecht kéint ee wéinst der energeetescher Transitioun net méi op d‘Steieren um Sprit setzen. Als Alternativ proposéiert de Rechnungshaff zum Beispill eng Zockersteier. Dës hätt den duebele Virdeel, datt et gutt fir d‘Gesondheet an de Budget wier.
Op der Säit vun den Depensë stéiert sech de Rechnungshaff dorun, datt am Budget just en Effort de Defense vun zwee Prozent vum nationale Räichtum virgesi sinn, obschonn deen Taux bis 2035 soll op d‘mannst bis op 5 Prozent eropgoen. Donieft wieren d‘Staatsfinanzen net prett, fir eng weider Kris gutt kënnen ofzefiedere respektiv fir d‘Erausfuerderungen am Beräich vum Klimawandel kënnen unzegoen.