Police deelt mat
Festnam no gewalttätegem Déifstall am Stater Garer-Quartier
© RTL Archiv
E Mëttwoch 19. November géint 17 Auer gouf d'Police op eng Kläpperei op d'Paräisser Plaz an der Stad geruff.
Eng Patrull vun der Police ass direkt op d'Plaz gefuer a konnt do d'Affer untreffen. Dëst gouf fir d'Behandlung an d'Spidol bruecht.
Ermëttlungen op der Plaz hunn erginn, dass et sech an sech ëm en Iwwerfall gehandelt huet, bei deem d'Affer vun zwee Täter gewalttäteg attackéiert gouf a säin Handy a Geld geklaut gouf. Am Kader vu weideren Ermëttlungen konnten déi zwee Verdächteg gestallt ginn, op Uerder vum Parquet goufen se festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies