Bauereverbänn stinn hannert der Politik vun der Landwirtschaftsministesch
© Envato IciakPhotos
D'Diskussioun an d'Kritik vum Mouvement écologique géif net op Fakte baséiert, heescht et vun de Baueren.
Nodeems de Mouvement écologique dës Woch kritiséiert huet, datt d‘Regierung Produite vu lokale konventionelle Baueren méi ënnerstëtzt, wéi déi vu Biobaueren aus dem Ausland, melle sech haut Bauereverbänn zu Wuert. Si stinn hannert der Politik vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, déi virun allem d‘Landwirtschaft hei am Land wëll fërderen, ier Produiten aus dem Ausland importéiert ginn.
Et géif net déi gutt an déi schlecht Produzenten, ma all Bauerebetrib géif sech am Waasser-, Klima-, Natur- a Biodiversitéitsschutz engagéieren, esou de Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin. Dëse fuerdert dann och, datt an allen ëffentleche Strukturen, wéi Spideeler a Schoulen, esou vill wéi méiglech lokale Produite solle verschafft ginn. Och de fräie Lëtzebuerger Bauereverband bedauert an engem Schreiwes, datt d‘Diskussioun ronderëm d‘Produiten, déi an de Schoulkantinne benotzt ginn, net op Fakte baséiert. Et géif aner Methode ginn, fir d‘Nohaltegkeet vun Agrarproduiten ze bewäerten, wéi den einfachen Ënnerscheed tëscht Bio a konventionell ze maachen.