Aarbechtsminister soll mat Amazon iwwer Plan de maintien dans l'emploi schwätzen
De Premier huet domadder och confirméiert, datt den Internetgigant hei am Land Plaze wëll ofbauen am Kader vu senger weltwäiter Ëmstrukturéierung.
Den Aarbechtsminister krut am Regierungsrot den Optrag, sech un d‘Direktioun vun Amazon Lëtzebuerg ze riichten, an hir un d‘Häerz ze leeën, op de Wee vun engem Plan de maintien dans l'emploi ze goen. Dat huet de Premier Luc Frieden um Pressebriefing nom Regierungsrot e Freiden de Mëtten annoncéiert. De Georges Mischo soll dee Wonsch äusseren, fir e Sozialplang um Lëtzebuerger Standuert vum US-amerikaneschen Internet-Ris z‘evitéieren.
An deem Sënn huet de Luc Frieden confirméiert, dass Amazon hei am Land Plaze wëll ofbauen am Kontext vun enger weltwäiter Ëmstrukturéierung. Ma doriwwer hätt hie scho méi laang Bescheed gewosst. Och viru senger Rees un d‘US-amerikanesch Westküst, wou hien och den Direkter vun Amazon gesinn huet. E Chiffer, wéi vill Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg ofgebaut solle ginn, hätt hien net, esou de Luc Frieden. D‘RTL-Informatioun, no deenen et sech soll ëm iwwer 400 Plazen handelen, huet de Premier net confirméiert.
Lëtzebuerg wär fir Amazon strategesch wichteg. Dat hätt een him zu Seattle confirméiert, esou de Luc Frieden. Eng Ëmstrukturéierung wär primär d‘Decisioun vun enger Privatentreprise, wat ze respektéiere wär. Amazon beschäftegt weltwäit annerhallef Millioun Leit. Vun dësem Plazenofbau wären am globale Kontext nëmme wéineg Leit betraff, huet de Luc Frieden argumentéiert. Hie geet iwwerdeems dovun aus, dass Amazon déi concernéiert Leit iwwer Formatiounen anescht beschäftege kéint. An zu Lëtzebuerg hätt d‘Entreprise him och verséchert, weider mat der ADEM ze kooperéieren.