Et wier ee vun de schwieregste Momenter an der Geschicht vun der Ukrain, esou de Wolodymyr Selenskyj an enger Usprooch op der ukrainescher Tëlee e Freideg.

Den ukrainesche President huet op den 28-Punkte-Plang vun den USA reagéiert, deen nieft territoriale Konzessioune vun der Ukrain e Verzicht vun engem NATO-Bäitrëtt an eng Reduktioun vun der Arméi op maximal 600.000 Mann virgesäit. Am Géigenzuch géing Kiew d’Garantie kréien, datt et bei enger neier russescher Attack eng koordinéiert militäresch Äntwert a Sanktioune vun den USA géinge ginn.
 
De Zelensky sot, d’Ukrain misst elo entscheeden, ob se hir Dignitéit verléiert oder hire wichtegste Partner: "entweder 28 schwiereg Punkten oder de schwieregste Wanter." Hie wéilt säi Land net verroden an huet och ugekënnegt, Alternativen zum US-Plang ze proposéieren an a Rou mat all de Partner schaffen.
 
Den ukrainesche President géing nach um Freideg mat de franséischen, britteschen an däitsche Staats- a Regierungscheffen telefonéieren.