Demonstratioun "Pulse of Europe"
Dëse Weekend hate sech d'Organisateure vum pro-europäesche Mouvement Pulse of Europe zu Lëtzebuerg Rendezvous gi fir hir zweet europäesch Renconter.
De Mouvement gouf lescht Joer an Däitschland gegrënnt an huet sech vun do aus uechter Europa verbreet. D'Zil war et, fir sech géint de Populismus an der EU staark ze maachen, ganz besonnesch virun de Wahlen an Holland an a Frankräich, wou mam Geert Wilders a mam Marine LePen zwee Paradebeispiller fir Populisten no dru waren, mat un d'Rudder ze kommen. Deemools hunn sech d'Supporter all Sonndeg Rendezvous ginn, fir duerch hir Stied ze trëppelen. Duerno ass d'Frequenz erofgaangen.
E Sonndeg de Mëtteg sinn eng 120 Supporter vum Lycée Robert Schumann op d'Place Clairefontaine getrëppelt.
Wéi staark schléit den europäesche Bols dann nach? Mir hu beim Grënner vum Mouvement, dem Däitschen Daniel Röder nogefrot, deen och um Sonndeg de Mëtteg an der Stad mat getrëppelt ass.
Wéi wichteg ass Europa? Hei een Extrait vun enger Supporterin, déi extra vu Wien komm ass, fir an der Stad mat ze manifestéieren.
Zum Schluss vun der Manifestatioun gouf, wéi gewinnt, déi europäesch Hymne „Ode an die Freude“ gesongen.