D'politescht Rumouers a Gemauschels ëm Mobbing vum Personal an der Gemeng fuerdert mam Récktrëtt vun der Buergermeeschtesch e weidert politescht Affer.

Am Conseil am spéiden Owend huet d'Marion Zovilé-Braquet hir Demissioun annoncéiert, dat no zwee Joerzéngten an der Gemengepolitik, dovunner aacht als Buergermeeschtesch. En entspriechend Schreiwes goung un de Grand-Duc Guillaume. Wéi d'demissionär Buergermeeschtesch sot, géif si net un hirem Posten hänken a wéilt d'Aarbecht an der Gemeng net blockéieren. D’CSV-Politikerin huet der LSAP op nationalem Plang d’Schold ginn un der Demissioun vun der LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay, déi hirersäits Mëtt Juli hir Demissioun bekannt ginn hat.

Wéi d'Madamm Zovilé sot, wier et der LSAP nëmmen drëms gaangen, fir hir Mandatairin aus der Schosslinn ze kréien. RTL-Informatiounen no si sech DP, LSAP an déi Gréng eens fir eng Dräier-Koalitioun anzegoen, sou datt d'CSV mat hire fënnef Conseilleren an der Oppositioun wäert agéieren.

Neie Buergermeeschter dierft den Dali Zhu ginn, deen 2023 den Éischtgewielten op der DP-Lëscht war. D'Dräier-Koalitioun kënnt zu Conter op d'knapp Majoritéit vu sechs Sëtz.

Faisant-Fonction féiert d'Madamm Zovilé d'Chargë vum Buergermeeschter weider, mee e séieren Accord tëscht DP, LSAP an Gréng dierft net op sech waarde loossen.