D'AMMD huet op hirer aussergewéinlecher Generalversammlung mat grousser Majoritéit decidéiert d'Konventioun mat der CNS ze kënnegen.

Et misst ee sech elo endlech un den Dësch sëtzen, fir seriö mateneen ze diskutéieren, huet et just no der Reunioun geheescht.

D'Doktere verspriechen, datt si Drock op d'Politik maachen, mä versécheren anengems de Patienten, datt si sech keng Suerge musse maachen. D'Doktere betounen, si wiere keng Populisten, mä seriö Leit, déi sech an Zukunft erëm besser ëm hir Patiente wëlle kënne këmmeren.