"Matenee Wuessen", esou ass de Budget 2026 iwwerschriwwen, deen de Finanzminister Gilles Roth e Mëttwochmoien an der Chamber presentéiert huet.

De Budget fir dat 2026 gouf deposéiert / Reportage Claudia Kollwelter

De Finanzminister Gilles Roth huet vun engem Budget fir méi Zesummenhalt an Entlaaschtung, fir méi Investissementer an d'Zukunft a fir méi nohaltege Wuesstem geschwat. Déi onsécher Zäiten, geopolitesch, mä och makroekonomesch, hätten och en Impakt op de Lëtzebuerger Budget, dat bei de Recetten, mä virun allem bei den Ausgaben.

De Projet gesäit Depensë vun 32,6 Milliarden € vir. Fir d’nächst Joer gëtt am Zentralstaat mat engem Defizit vun 1,49 Milliarden € gerechent. 2026 géif méi e schwieregt Joer ginn, sot de Finanzminister Gilles Roth an der Plenière. D'Staatsschold bleift awer däitlech ënnert der Virgab vun den 30 Prozent vum PIB, an dat op d'mannst bis 2029.

E puer vun de Prioritéite vum Budget 2026 erausgepickt:
 
Verdeedegung: 2 Prozent vum nationale Räichtum ginn d'nächst Joer an Efforte fir d'Defense. Fir 2026 sinn et Ausgabe vun 1,3 Milliarden Euro. Dat ass eng hallef Milliard méi wéi am Budget 2025. D'Ukrain gëtt weider ënnerstëtzt mat fir 2026 80 Milliounen Euro.

Entwécklungshëllef: mat Investissementer vun 1 Prozent vum RNB.

Zesummenhalt an d'Bekämpfung vun der Aarmut: D'Ausgabe vun der Zukunftskeess klammen d'nächst Joer op 1,6 Milliarden Euro.

Steieren: Reform vun der eenheetlecher Steierklass soll den 1. Januar 2028 a Kraaft trieden.

Logement: D'Loyer-Subventioun klëmmt weider vu 45 Milliounen Euro 2026 op 60 Milliounen Euro 2029.

Sozialpolitik: Déi erhéichten Deierungszoulag, d'Energieprimm an déi erweidert Energieprimm bleiwen och 2026 bestoen. De Käschtepunkt läit bei 120 Milliounen Euro. D'Ausbezuelen un d'Leit, déi de Revis kréien, gëtt agefouert. Dat ass eng Hausse vun den Depensen ëm 6,2 Milliounen Euro 2026 op insgesamt 32,5 Milliounen Euro. D'Sozialämter gi gestäerkt, fir eng besserer Begleedung bei Wunnprojeten. An den Office national d'inclusion sociale kritt méi Personal.

Gesondheetsversuergung: De Gesondheetsbudget geet zolidd an d'Luucht ëm 46,7 Milliounen Euro oder 10,5 Prozent am Verglach zu 2025 op am Ganze 494,0 Milliounen Euro. D'Ausgabe vum Spidolsfong klammen 2026 op 275 Milliounen Euro. Dat entsprécht bal enger Verdueblung.

Educatioun a Fuerschung: De Budget vun der Educatioun beleeft sech d'nächst Joer op 4,7 Milliarden Euro. 9,2 Prozent méi wéi 2025. D'Uni Lëtzebuerg kritt e Plus vu 7 Milliounen, de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) e Plus vun 1,9 Milliounen an de Luxembourg Institute of Health (LIH) 1,5 Milliounen Euro méi.

Betriber a Start-ups: Et gëtt een neie Regimm fir Optiounen op Aktien an engem Start-up geschafft. Dat ob enger gesetzlecher Basis an ouni d'Abuse vum Stock-Options-Regimm aus der Vergaangenheet.

Landwirtschaft: Dem Landwirtschaftsministère stinn 225 Milliounen Euro fir 2026 zur Verfügung, also 6,8 Milliounen Euro méi wéi dëst Joer. Zäre fir Uebst a Geméis ginn ënnerstëtzt mat 20 Milliounen Euro.

Nohaltegkeet: Energeetesch Renovatioun an nohaltegt Baue gëtt weider finanziell ënnerstëtzt, dat mat 476 Milliounen Euro iwwer d'Period 2026-2029. 450 Milliounen Euro ginn iwwer déi nächst 4 Joer fir d'Installatioun vu Photovoltaik-Anlagen investéiert. Nei ass d'Virfinanzéierung duerch de Staat. D'Leit strecken d'Sue vum Subsid net méi vir. Duerfir sinn 43 Milliounen Euro fir 2026 virgesinn.

Mobilitéit: De Budget vum Mobilitéits- a Bauteministère beleeft sech 2026 op 4,5 Milliarden Euro. Ee Plus vun 10,8 Prozent. Den Zuch- an Tramsreseau stellt de gréissten Investissement am Budget: 3,4 Milliarden Euro fléissen iwwer déi nächst 4 Joer an d'Schinnen.

Sécherheet: De CGDIS kritt d'nächst Joer 9,7 Milliounen Euro méi zur Verfügung gestallt. Insgesamt 166,5 Milliounen Euro fir 2026. Dovunner si 27,7 Milliounen Euro fir d'Erneierung vun den Infrastrukturen an den Equipementer.

Vun 2028 u soll déi eenheetlech Steier-Klass spillen. Dovu kéinte 85 Prozent vun de Steierzueler profitéieren.

Budgets-Rapporter ass dëst Joer den CSV-Deputéierte Maurice Bauer.

Vun e Freideg u gesäit déi parlamentaresch Finanzkommissioun dann och verschidde Vertrieder vun den Administratiounen, ugefaange mat der Douane an dem Enregistrement.

De Budget 2026 ass dann och en Donneschdeg de Moie Sujet an eiser Emissioun "Dir hutt d'Wuert". De Finanzminister wäert Iech live um Radio op Är Froen Äntwerten.