Vill Kritik vun Oppositioun: Wéi sollen d'Ausgabe finanzéiert ginn?

© Chambre des Députés
E Mëttwoch de Moien huet de Finanzminister Gilles Roth an der Chamber de Budget fir 2026 deposéiert a presentéiert.
D'Oppositioun spuert natierlech net mat Kritik un der Budgetspresentatioun vum Finanzminister Gilles Roth. Virop gëtt a Fro gestallt, wéi d'Ausgabe finanzéiert solle ginn. Do wär den CSV-Politiker Äntwerte schëlleg bliwwen.
D‘LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding seet: "Obwuel de Finanzminister gesot huet, déi finanziell Situatioun wär net méi sou roseg ewéi an der Vergaangenheet, gi grouss Ausgaben ewéi déi an d'Defense, d'Spideeler an den ekologesche Wiessel presentéiert. Déi ënnerstëtze mir och, well déi aus der viregter Regierung kommen. D'Fro stellt sech awer, wéi dat alles soll bezuelt ginn. Op der Säit vun de Recetten ass e grousst Fragezeichen. Mir wëssen net, wéi déi Rechnung soll opgoen."
De Fred Keup, Fraktiounschef vun der ADR, reprochéiert der Regierung souguer, net responsabel mat de Sue vum Staat ëmzegoen: "Wou ass d'Seriositéit, wou ass d'Stabilitéit, wou d'Verantwortung vun der Politik, wou ass d'Nohaltegkeet, wann een annerhallef Milliard méi Scholden aplangt fir dat anert Joer? E groussen Defizit heescht jo einfach, dass ee vill méi Suen ausgëtt wéi een der erakritt. Déi Politik kënne mir net verstoen, well se ass net responsabel."
Och de Sven Clement vun de Piraten hat net d'Gefill, dass hien eng Visioun vum Finanzminister Roth presentéiert krut: "Mir kruten u sech d'Ried vun der Comptabilitéit vum CEO sengem rietsen Aarm presentéiert. Mir krute vill Zuele virgelies, awer net wéi déi sech an engem koherente Gesamtbild afügen. Et war wuel méi wichteg, all d'Ministeren ze ernimmen."
D‘Deputéiert vun déi Gréng Sam Tanson huet de Verdacht geäussert, dass de Budget net ganz éierlech presentéiert war. Déi geplangt Steierreform wär am pluriannuellen Deel beispillsweis net mat agerechent. Si vermësst Investissementer a bedauert, dass Scholde virun allem gebraucht ginn, fir Steierbaissë fir Betriber ze finanzéieren.
Wéi vun der Gauche z‘erwaarden, kritiséiert den David Wagner, dass den Accent vun der Budgetspresentatioun op den héije Militärausgabe geleeën hätt. Déi wären net néideg, erkläert den Deputéierte vun déi Lénk. Déi richteg Erausfuerderung fir Lëtzebuerg wär de Logement, an do géif ee weider stagnéieren. Wat d'Recette vum Staat ugeet, huet den David Wagner eng Léisung: Kapital a Räichtum besteieren.
Net verwonnerlech: de Fraktiounscheffe vun de Koalitiounsparteien CSV an DP, de Marc Spautz respektiv de Gilles Baum, hunn d'Presentatioun an de Budget selwer vum Finanzminister Gilles Roth verdeedegt a gelueft.