Firwat ass et esouwäit komm a wéi geet et weider?

© Envato Witsaruts
Kuerz virun der traditioneller Gesondheets-Quadripatite vum Hierscht e Méindeg, ass d'Stëmmung tëscht der CNA an den Dokteren alles anescht ewéi gutt.
D'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD huet e Mëttwoch den Owend eng extraordinär Generalversammlung, op där si wëllen doriwwer ofstëmmen, ob een aus der Konventioun mat der CNS erausklëmmt oder net. Dat war ënner anerem och ee Sujet e Mëttwochmoien an der Gesondheetskommissioun vun der Chamber. Virop wollten d'Deputéiert vun der Santésministesch wëssen, wéi uerg d'Situatioun mat den Dokteren ass.
"Effektiv ass et esou, dass Doktere mat schwéiere Geschützer opgefuer sinn. Si hunn den Dekonventionnement [mat der Gesondheetskeess, ndrl.] ugekënnegt. Dat heescht den Ausstig aus der Konventioun mat der CNS, déi och eng Tarif-Sécherheet, souwuel fir den Dokter wéi och fir den Patient garantéiert", sou den LSAP-Politiker Mars di Bartolomeo.
D’Santés- a Sozialministesch Martine Deprez berouegt. Och wann d’Dokteren d’Konventioun kënnegen, hätt dat net een direkten Impakt op d'Assuréeën, well de Code de la securité sociale géing genee virgesinn, wat geschitt, wann et eng Kënnegung gëtt:
"Ech wéilt och nach eng Kéier drop hiweisen, dass Konventioun kënnegen, net ze verwiesselen ass mat Dekonventionnement. Dat heescht, si kënnegen eng Konventioun an da seet de Code de la sécurité sociale, dass eng nei Konventioun an de beschten Delaie soll ausgeschafft ginn. Natierlech hutt der awer Recht, wann hannendrun, vläicht eventuell deen een oder aneren do dann déi éischt Etapp gesäit, fir een Dekonventionnement anzeleeden. Elo wëll ech awer och berouegen, well am Koalitiounsaccord steet, dass de Konventionnement bäibehale gëtt. Dat heescht, mir waarden elo, wat den Owend diskutéiert gëtt an da kucke mer virun."
Firwat ass et iwwerhaapt esou wäit komm?
All zwee Joer misst iwwer déi sougenannt lettre-clé verhandelt ginn. Dat wier ee Wäert, dee reflektéiert, wéi eng Käschten do sinn a wéi se evoluéieren. An deementspriechend gëtt e Prozentsaz bäigesat.
"Et gëtt ausgerechent, wat de Maximum ass, deen ee ka bäiginn. [Tëscht 0 a Maximum huet de Verwaltungsrot d'Fräiheet, fir ze soen wat soll erauskommen, ndlr.] Dat, wat ausgerechent gi war, wat de Käschtenzouwuess wär, waren 2,68 Prozent. An de Verwaltungsrot huet du proposéiert, an déi Ronn eranzegoen mat 1,34 Prozent. Déi Verhandlungen hunn d'lescht Joer am Oktober ugefaangen. 't ass vill hin an hir gaangen. 't ass eng Mediatioun komm an déi ass elo ofgeschloss ginn, well eng Partei [d'AMMD, ndlr.] net d'accord war mat deem, wat um Dësch louch an net méi wollt virun diskutéieren."
Den Dossier wier elo um Conseil supérieur, wou vun engem Riichter decidéiert gëtt, ob et 1,34 Prozent gëtt oder méi oder manner.
2027 gëtt de minimale Reserve-Montant vun der CNS ënnerschratt
D'Deputéiert, ënner anerem de Marc Baum vun déi Lénk, wollten awer och méi generell dat nämmlecht gewuer ginn, wéi schonn zanter e puer Joer:
"Wei gesäit et mam Budget vun der CNS aus? Mir wëssen, dass d'Reserven amgaange sinn, ze schrumpfen an änlech wéi an der Debatt ëm d'Pensioune ginn et zwou grouss Richtungen an déi ee ka goen. Entweder kuckt een, Depensen ze reduzéieren oder d'Recetten an d'Luucht ze setzen."
D'Aarbechtsgruppe géinge lafen an hir Piste géingen e Méindeg op der Quadripartitte beliicht ginn, sou d’Ministesch, déi dozou keng weider Detailer wollt ginn. D’Inspection générale de la sécurité sociale wier derbäi, de Rapport iwwer d’CNS ze finaliséieren.:
"Dee weist elo aus, dass mer nächst Joer nach iwwer d'Ronne kommen, mee 2027 wäert de minimale Montant vun der Reserve ënnerschratt ginn. A spéitstens bei der Quadripartitte 2026 missten dann Decisioune geholl ginn."
Wann all d'Mesuren, déi vum nächste Méindeg un en place gesat wäerte ginn, näischt bréngen, da misst d'Quadripartitte driwwer befannen, ob eventuell d'Cotisatiounen an d'Luucht ginn. Dat wier dann nach den eenzege legale Moyen, deen een hätt, fir eppes ze ënnerhuelen, sou d'Martine Deprez.
Kënne sech Doktere geschwënn a Societés civiles zesummendoen?
De Virage ambulatoire war e Mëttwoch de Moien och e Sujet an der Santéskommissioun um Krautmaart. Och do hat d'AMMD nämlech kritiséiert, dass et net géing virugoen. D'Ministesch huet annoncéiert, dass Enn nächst Woch een Amendement zum Spidolsgesetz wäert presentéiert ginn, wou zwou weider Aktivitéite fir den Extrahospitalier opgemaach ginn. An Zukunft kënnen dann Katarakten a kleng operativ Interventiounen un der Haut an den Spidolsantenne gemaach ginn. Doduerch kéinten dann d'OP-Capacitéiten an de Spideeler e bëssen an d'Luucht gesat ginn. Donieft soll nach bis Enn dës Joers d'Gesetz deposéiert ginn, mat deem et fir d'Doktere méiglech gëtt, sech a Sociétés civiles zesummenzeschléissen. (Dat ass de Gesetzprojet 8013 ,ndlr.)