"Mir brauche wirtschaftleche Wuesstem am Land, mee och sozialen Zesummenhalt“
"Matenee wuessen", esou den Titel vum Staatsbudget, deen um Mëttwoch an der Chamber presentéiert gouf. De Finanzminister Gilles Roth war Invité am Journal.
Trotz enger schwiereger wirtschaftlecher Lag wëll d’Regierung op Zesummenhalt a Sozialdialog setzen an dobäi d’Staatsfinanze stabil halen, esou de Finanzminister am Interview mam Mariette Zenners.
"Mir brauche wirtschaftleche Wuesstem am Land, mee och sozialen Zesummenhalt“, erkläert de Gilles Roth. Dofir wier de Budget drop ausgeriicht, d'Land "no vir ze bréngen, ouni d’Leit ze exzessiv ze belaaschten“. Déi grouss Erausfuerderunge leien dem Minister no virun allem an de staatlechen Investissementer, an den héijen Depensen am Verdeedegungsberäich an an der Entlaaschtung vun de Stéit a Betriber.
"Mir si vun der Finanzplaz ofhängeg", huet de Gilles Roth zouginn. Duerfir misst Lëtzebuerg eng attraktiv a kompetitiv Plaz bleiwen: "Déi aner Länner schlofen net.“
Gläichzäiteg wëll d’Regierung awer och d’Realwirtschaft diversifizéieren, besonnesch duerch d’Ënnerstëtzung vu klengen a mëttelgroussen Entreprisen an dem Developpement vun neie Secteure wéi der kënschtlecher Intelligenz oder de Satellitten-Technologien.
Virsiichtegen Optimismus trotz Defizit
Och wann de Finanzminister déi aktuell wirtschaftlech Situatioun als "schwiereg“ beschreift, bleift hie virsiichteg optimistesch. De Staat hätt 2024 mat engem Defizit vun nëmmen 228 Milliounen Euro ofgeschloss, vill manner wéi déi 3,2 Milliarden, déi virun zwee Joer virausgesot waren: "Dat weist, datt sech d’Situatioun trotz deenen donkele Wolleke besser entwéckelt huet, wéi erwaart."
Eng Steierklass vu Januar 2028 un
Eng wichteg Reform ass d’Aféierung vun enger eenheetlecher Steierklass, déi vum 1. Januar 2028 un a Kraaft soll trieden an aktuell nach finaliséiert gëtt, mat geschätzte Käschte vun 800 bis 900 Milliounen Euro. De Gilles Roth betount: "Mir sinn amgaangen, de Projet ze finaliséieren."
De Logement wier ee vun de gréisste Chantieren am Land, ënnersträicht de Finanzminister. De Präis vum Terrain bleift eng zentral Erausfuerderung.
De Gilles Roth huet och d’Aarmutsbekämpfung als wichteg Prioritéit ervirgehuewen. Trotz dem héije Liewensstandard sinn nach ëmmer Leit finanziell net gutt drun. Konkret Mesurë wieren d’Verdräifachung vun der Energie-Primm, e steierfräie Mindestloun, souwéi Steierkreditter an Abattementen am Kader vun der Pensiounsreform. De Familljeminister Max Hahn soll bis Enn vum Joer e komplette Plang fir d’Aarmutsbekämpfung virleeën.