Am Laf vum Mëttwochmoien huet et op dräi Plazen am Trafic gerabbelt.

Scho kuerz viru 5 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi sech zu Iechternach an der Rue des Remparts zwee Autoen ze pake kruten. D'Secouristen an d'Pompjeeë vun Iechternach waren hei op der Plaz.

Géint 6.50 Auer sinn dann tëscht Capellen an dem Briddel op der A6 zwee Autoen aneneegerannt. Hei gouf et zwee Blesséierter. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Kielen a Mamer an d'Ambulanciere vu Stengefort.

Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi sech géint 7.20 Auer zwee Autoen an der Rue Klensch zu Beetebuerg ze pake kruten. D'Pompjeeë vu Beetebuerg an d'Ambulanciere vun Diddeleng waren hei am Asaz.