Besser forméiert Personal fir eng méi "palliativ Kultur"
D'Zil war, fir eng palliativ Kultur ze förderen: Leit sollen déi beschtméiglechst Liewensqualitéit hunn, wa se an eng Struktur bis zu hirem Doud kommen.
Fir déi palliativ Kultur an de Maisons de Soinen ze verbesseren, hat d'Associatioun Omega 90 viru kuerzem e Pilotprojet mat 7 Altersheemer duerchgefouert. D’Zil war et, de Leit eng besser Liewensqualitéit ze garantéieren, vun deem Ament un, wou se an d’Fleegeheem erakommen bis hin zum Doud. Beim Projet gouf virun allem awer vill Wäert op d’Formatioun vum Personal an de concernéierten Altersheemer geluecht.
Ënnert anerem, well et an enger palliativer Geriatrie drëms geet, de Leit vill nozelauschteren. Dowéinst gëtt aktuell probéiert, net nëmmen d'Fleegepersonal, ma och Leit aus anere Servicer ze forméieren, seet d’Marcelle Diederich, Coordinatrice vum Projet.
Ee vun de 7 Fleegeheemer, déi beim Pilotprojet matgeschafft hunn, ass den Home Saint François vun Réiden. Hei gouf zum Beispill d‘Personal iwwert Thema Liewenssënn sensibiliséiert. Donieft gouf mat de concernéierte Leit iwwert déi lescht Momenter am Liewe vun engem Mënsch diskutéiert, wat awer net esou einfach wier, betount den Direkter vum Home Saint-Francois, Christian Ensch.
Eng 4.000 Leit stierwen all Joers an der Moyenne zu Lëtzebuerg. Déi meescht Persoune géifen awer an den Altersheemer, och doheem stierwen, ënnersträicht d’Directrice vun Omega 90, Christine Dahm.
E wichtegen Aspekt ass awer ewéi e Mënsch stierwe well. Ënnert anerem, op en an engem Noutfall reaniméiert gëtt oder net.