Wat geschitt nom Doud?
Traditioun ass, fir Allerhellegen an Allerséile fir d'Griewerseenung op de Kierfecht ze goen.
Obschonns déif verankert an eiser Gesellschaft sinn dës Kierfechter am Wandel a ginn der Zäit ugepasst. 14 Kierfechter zielt d’Stad Lëtzebuerg. Um Lampertsbierg steet de Cimetière Notre-Dame, och Nikloskierfecht genannt; et ass dee mat de meeschte Griewer an huet an de leschte ronn 25 Jore bal 11.000 Begriefnesser gesinn. De Märeler Kierfecht ass mat senge méi wéi 11 Hektar de gréissten.
Ganz traditionell gëtt fir Allerhellegen de Kierfecht preparéiert: d’Ekippe vum Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg sinn de ganzen Oktober ënnerwee, fir ze botzen.
Wéi eis Gesellschaft sinn och eis Kierfechter am Wandel. Een Aspekt dovun ass d’Digitalisatioun, erkläert de Sam Kloos, Responsable d’Administration vum Service Cimetières VDL: "Do hu mir verschidde Griewer, déi hu QR-Coden, wou d’Leit kënne mam Handy dobäi goen, fir den Historik vun deem Graf, vun deem Monument, gewuer ze ginn. Wann eng wichteg Persoun vu viru souvill Joren eng Kéier gelieft huet, déi do begruewen ass, respektiv wann et e schéint Monument ass, wou ee sech denkt, dat ass e Patrimoine, dat kann een erhalen."
Soss sollen et och Kaarte ginn, déi d'Leit iwwert de Kierfecht guidéieren, soudass déi, déi e bestëmmt Graf sichen, et séier kënne fannen. Ma dobäi soll et net bleiwen: Kierfechter wieren net nëmmen eng Plaz vun Trauer, ma och Gedenken un eis léif Verstuerwen. Eng Iddi vun der Gemeng ass, mat Kënschtler zesummenzeschaffen, déi Monumenter gestalten, fir fräi Plazen um Nikloskierfecht ze verschéineren.
Eng aner Iddi si Yoga-Kueren um Nikloskierfecht: "Dat kléngt op den éischte Bléck vläicht e bësse komesch", esou de Sam Kloos, "well et denkt een direkt u Yoga-Kueren am Park zum Beispill. Mee hei ass de Setting méi roueg. Dat heescht, hei kann een och zum Beispill, Senioren, wann déi dat wëllen, wa mir do Plazen amenagéieren, da kéint een dat dann zum Beispill maachen."
Kierfechter géifen och ëmmer méi de Grand Public unzéien an d’Leit géifen d’Kierfechter entdecken. Dowéinst soll och d’Natur agebaut ginn, fir dass d’Kierfechter eng schéi Plaz sinn. D'Hoffnung, dass Kierfechter bleiwen, ass do.
















Anäscherung: en Trend?
Am Krematorium zu Hamm goufen zënter senger Ouverture 1995 ronn 78.000 Leit ageäschert. Mat Heem huelen däerfen d’Leit d’Äschen net, et ginn awer e puer Méiglechkeeten: eng Bestattung ass eng Optioun, d'Leit kënnen awer och en Deel vun den Äschen als Diamant veraarbechte loossen, oder als glasgeblosen Undenken. D'Verstreeë vun den Äschen ass eng weider Méiglechkeet. E richtegen Trend wier d’Anäscherung net. Ongeféier 70% vun de Leit loosse sech anäscheren, en Taux, deen déi lescht Joer konstant bliwwen ass. Am Süde vu Lëtzebuerg géifen awer méi Leit ageäschert ginn, ewéi an der Stat oder am Norden.
De Krematorium gëtt den Ament ausgebaut. En zweeten Uewen ass bäikomm an et kënnt eng drëtt Streewiss dobäi.
Op hire Wise kënnen d’Äsche verstreet ginn, a Presenz vun der Famill, oder och anonym. Dat kann aus verschiddene Grënn sinn, esou d’Steffi Keilen-Weigel, Attachée à la direction vum Krematorium:
"Wou u sech d’Demande ass, wou kee vun der Famill dobäi ka sinn, oder wëll sinn. Respektiv de Verstuerwenen de Wonsch hat, anonym bei eis gestreet ze ginn. Mir maachen déi Streeunge grad esou, wéi wann der 50 oder 100 Leit do dobäi wieren, mir ginn déi Streeung zu zwee maachen. An natierlech och ënnert dem néidege Respekt, deen déi Famill verdéngt huet. An dorop leeë mir ganz vill Wäert."