Iwwer 300 Joer aalt Schlass gëtt sanéiert
D'Beeforter Schlass gëtt et zanter 1649. Zanterhier goufe keng gréisser Aarbechte méi um Gebai duerchgefouert. Den INPA awer sanéiert d'Schlass aktuell.
Zanter 2024 sinn déi Responsabel vum INPA, dem fréiere Sites et Monuments, mat Sanéierungsaarbechten um Beeforter Schlass amgaangen. Ënner anerem e neien Daach an eng aner Manéier, fir d'Schlass ze hëtzen, gëtt en place gesat. D'Pelletsheizung kënnt an deem Fall elo an d'Spill.


















































D'Schlass aus der Renaissance ass aus dem 17.Joerhonnert. 1649 war et fäerdeg gebaut. Allerdéngs huet de Bauhär, de Jean de Beck, dëst net méi erlieft. De Mann war 1648 gestuerwen.
Am August 2026 sollen d'Sanéierungsaarbechten ofgeschloss sinn. Da geet d'Schlass fir d'Visiteuren erëm op. Mat ënner anerem engem Musée. Dräi Milliounen Euro kaschten des Sanéierungsaarbechten um Beeforter Schlass.