Wéi Lëtzebuerg inspiréiert, och no engem terribele Verloscht
Déi Hamburger Pâtisserie Johanna ass aus der déidlecher Flutkatastroph am Ahrtal entstanen an huet méi mat Lëtzebuerg ze dinn, wéi ee kéint mengen.
Am Fong ass d'Plaz ze schéin. Vill ze schéin. Wann ee bedenkt, wéi eng tragesch Ëmstänn derzou gefouert hunn, datt se iwwerhaapt entstanen ass. Rieds geet vun enger Pâtisserie. Enger Pâtisserie zu Hamburg. Awer net vun iergendenger gewéinlecher däitscher "Konditorei", mee vun der "Pâtisserie Johanna" am Hamburger Topp-Touristevéierel "Speicherstadt" – mat ënnert anerem dem Miniatur-Wunderland an der Elb-Philharmonie dran.
















An engem héije Gebai mat de fir de Quartier typesche roudelzegen Zillen ass se ënnerbruecht. E schmuele rouden Tapis, e puer Ofspärungen a grouss schwaarz Plackette mat gëllener Schrëft weisen, datt hei d'Entrée an eppes Nobeles, eppes Feines, eppes Vorneemes ass. A genee esou ass et dann och bannenan: An engem schicke schwaarz-gëllenen Dekor gëtt ee vu faarwege Knippercher an apaarte Kichelcher ëmgaachelt: Si laachen d'Clienten an d'Clienteën duerch hir clean Vitrinnen un.
En Hotspot als Denkmal
Hei gëtt Wäert op den Detail geluecht, hei gëtt eng agreabel Atmosphär kreéiert, hei gëtt de Genius loci gefleegt an op den éischte Bléck deit wierklech näischt op déi dramatesch Entsteeungsgeschicht vun der Pâtisserie "am Sandtorkai" hin. Och net, datt ee vun eenzele Sëtzplazen hannenaus op de Kanal "Brooksfleet" gesäit an den Touristeschëffercher kann nokucken, wéi se laanscht tuckeren.
























Am Gespréich mam Inka Orth, der Proprietärin vun der Pâtisserie Johanna, virun där sech sonndes och alt emol Schlaange bilden, kritt deen eedele Raum séier nach eng weider Dimensioun, eng batter-eescht, eng béis traureg, déi a krassem Kontrast zu deem steet, wat ee mat sengen Aen op der Plaz gesäit a genéisst.
An der Nuecht op de 15. Juli 2021 ass d'Duechter vum Inka a Ralph Orth nämlech gestuerwen, si ass an de Flute vum Floss Ahr ëmkomm. Zu Bad Neuenahr-Ahrweiler. Hiren Numm: Johanna. D'Johanna Orth huet d'Flutkatastroph am Ahrtal net iwwerlieft. Et ass eent vun de méi wéi honnert Doudesaffer. "D'Johanna soll stellvertriedend fir all déi stoen, déi net iwwerlieft hunn. An et soll eng Erënnerung sinn, endlech d'Léieren aus der Katastroph ze zéien", seet dem Johanna seng Mamm am RTL-Sonndesinterview. Bis haut géifen et am Ahrtal nach keng komplett Evakuéierungspläng ginn, fléckt se am Virgespréich bäi, hir Enttäuschung ass dobäi net ze iwwerhéieren, gläichzäiteg spiert een hir Opfuerderung, dajee, dach endlech eppes ze maachen, datt dat ganzt Leed net ëmsoss war.
Eppes maachen – dat huet si fäerdegbruecht an et freet ee sech, wéi se dat gepackt huet. D'Inka huet nämlech de Beruffswonsch vun hirer Duechter, de Liewensdram vum Johanna ëmgesat. An do kënnt Lëtzebuerg an d'Spill. Mee der Rei no ...








Fir d'éischt loosse mer d'Inka vum Grand-Duché schwäermen: "Mäi Mann kënnt aus der Äifel, aus der Géigend vun der Air Base Spangdalem, an natierlech si mir fréier och ëmmer immens gär op Lëtzebuerg gefuer ... a waren ëmmer faszinéiert, wa mer zum Beispill am Auchan virun der Théik vun der Confiserie Oberweis stoungen. Do hu mer dann déi wonnerbar Täertercher, déi esou schéin dekoréiert waren, bewonnert an hunn eis ëmmer gefrot, firwat et dat net an Däitschland gëtt."
Ahrtal, Tréier, Lëtzebuerg, Hamburg ...
D'Léift zu deene genësserleche Kreatioune mat onverkennbar franséischem Touch an der Stad schéngt sech vun den Elteren op d'Johanna iwwerdroen ze hunn, well déi huet genee dee Beruffswee ageschloen an huet zu Tréier hir Ausbildung gemaach. Mat 22 hat et scho säi Meeschter an der Täsch, goung hannescht a seng Heemecht, also an d'Ahrtal, a wollt do eng Pâtisserie opmaachen ... an du koum d'Flut. Déi onwarscheinlech Waassermassen. Déi hunn d'Johanna an den Doud gerappt an d'Liewe vun den Elteren op d'Kopp gehäit.
D'Pâtisserie dréit säin Numm an hei kann hatt weiderliewen: D'Johanna Orth ass an den Iwwerschwemmungen am Ahrtal am Juli 2021 ëm d'Liewe komm.
"Wir wussten überhaupt nicht, wie es weitergehen sollte", gesteet d'Inka Orth am Interview a kuckt gläichzäiteg traureg an eescht dran. Hir Geschicht an déi vum Johanna huet se ewell méi dacks erzielt, ënnert anerem an engem Podcast mat enger hallwer Dosen Deeler.
Am Hierscht 2021, e puer Méint no der Tragedie, hätt se dunn decidéiert, aktiv ze ginn, eppes ze maachen, sech nei ze erfannen an zwar genee dat ze léieren, woufir d'Häerz vun hirer Duechter geschloen huet: D'Inka wollt sech och zur Pâtissière-Confiseuse ausbilde loossen. Eigentlech war hiren Job an dee vun hirem Mann d'Gestioun vun enger Residence fir 180 Senioren am Ahrtal, déi den Dag no der Flut evakuéiert gouf. Den Neesopbau dovun huet d'Koppel zesumme gemeeschtert.
Trotzdeem goung et fir d'Inka "op d'Schoulbänk", an zwar op déi vun der Pâtisserie-Schoul zu Ulm. Op hirem neie Parcours huet se duerch Zoufall deen talentéierte Marcel Reinhardt kenne geléiert ... an no an no koum d'Iddi, eng gemeinsam Pâtisserie opzemaachen, eng Haut-de-gamme à la luxembourgeoise, an dofir am léifsten op enger Plaz mat internationalem Flair.
De Choix ass op Hamburg gefall, wou haut d'"Pâtisserie Johanna by Marcel Reinhardt" d'Gäscht verwinnt a gläichzäiteg d'Erënnerung un d'Affer vun der Ahrtal-Katastroph waakreg hält. Dem Johanna säin Dram ass Realitéit ginn, an him lieft hatt souzesoe weider ...
D'Empreinte vun der Pâtisserie Johanna: e Päiperlek, e Logo, e Message.
An der Pâtisserie selwer deit näischt op d'Flutkatastroph hin, et hänken awer eng ganz Rëtsch Portraite vum Johanna an den eenzele Raim; flott Erënnerungsfotoen, Reminiszenzen un eng schéin Zäit, an där de Bléck voller Hoffnung no vir geriicht war, bis d'Natur onbaarmhäerzeg zougeschloen huet, well déi Betraffen net mat Zäite gewarnt goufen.
E Logo, eng Metamorphos
Et wier keen einfache Wee gewiescht, seet d'Inka Orth, mee et wier richteg gewiescht, eppes ze maachen. Wéi se dat gepackt hätt, géif se selwer net ëmmer wëssen, mee si hätt et gemaach an dobäi och ëmmer Lëtzebuerg am Kapp gehat – dee Grand-Duché, deen am Ufank esou vill inspiréiert an dono och sécher méi wéi eemol Kraaft ginn huet: "Mit einem Auge schielen wir natürlich auch immer nach Luxemburg. Und wenn wir die Möglichkeit haben, dort nochmal hinzufahren und zu schauen, dann tun wir das", seet d'Inka Orth.
De Logo vun der Pâtisserie Johanna ass iwweregens e Päiperlek. Déi verwandele sech bekanntlech: Aus engem Raup, deen um Buedem oder op de Blieder krabbelt, gëtt e Päiperlek, dee fräi fléien a sech iwwerall hi ka sëtzen. Eng Verwandlung, déi de Wee aus engem schroe Schicksalsschlag eraus zeréck an d'Liewe symboliséiert. Dës Metamorphos ass dem Inka Orth an hirem Mann gelongen.
Nom Verloscht vun hirer Duechter Johanna huet si där hiren Dram verwierklecht: d'Inka Orth, Proprietärin vun der "Pâtisserie Johanna by Marcel Reinhardt" zu Hamburg.
Andréck aus dem Ahrtal vum Ketty a Rom Hankes
Ronn zwou Stonne sinn et mam Auto vu Lëtzebuerg an d'Ahrtal. Wat am Summer 2021 do an och an der Belsch geschitt ass, huet méi wéi 200 Leit d'Liewe kascht an enorm Schied hannerlooss. Dat huet och vill Lëtzebuerger betraff gemaach.
No der Katastroph ass och Hëllef aus dem Grand-Duché am Ahrtal ukomm. D'RTL-Fotografe Ketty a Rom Hankes hu se dokumentéiert (2021) a sinn zanterhier dräi weider Kéieren (2022, 2024 an 2025) am Ahrtal gewiescht. Hei drënner hir traureg, awer och hir freedeg Fotoandréck, déi se vun hire Reese matbruecht an op RTL.lu publizéiert hunn.















































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































