Police huet zwou verdächteg Persoune festgeholl
D'Police huet no engem Abroch zu Jonglënster e Samschdeg am spéide Moien, nodeems et och eng gréisser Sichaktioun gouf, zwou Persoune festgeholl.
Bei engem vun de Männer goufe Bijouen an e Briecheisen fonnt. Am Auto war och nach anert Geschier fir anzebriechen entdeckt ginn. All d'Objeten goufe saiséiert an d'Männer kommen e Sonndeg de Moien virun den Untersuchungsriichter.
Zu Wolz ass dann och e Samschdeg den Owend kuerz no 23 Auer an en Eefamilljenhaus agebrach ginn. Zwee Täter ware wuel zu enger Fënster op der Récksäit vum Haus erageklommen an hunn divers Wäertsaachen geklaut. Wéi se am Schlofzëmmer dunn eng Awunnerin entdeckt hunn, si se fortgelaf. Der Fra ass näischt geschitt. D'Enquête huet bis elo nach näischt erginn.