Eng Persoun gouf no enger Messerpickerei zu Zéisseng festgeholl
© RTL Archiv
Déi verdächtegt Persoun ass no der Messerpickerei op Uerder vum Parquet festgeholl ginn.
Wéi e Sonndeg de Moie réischt bekannt gouf, hat d'Police schonn e Samschdeg e Mann gemellt kritt, dee schwéier, awer net liewensgeféierlech, zu Zéisseng mat engem Messer blesséiert gi war. D'Affer ass an d'Spidol bruecht ginn, fir do behandelt ze ginn.
Eng weider Ausernanersetzung gouf et dann an der Nuecht op e Sonndeg an engem Bistro an der Stad. Zeienaussoen no haten zwee Männer gliese Fläschen op d'Sécherheetspersonal gehäit. Donieft huet ee vun hinnen e Security mat engem Cutter am Gesiicht blesséiert. De presuméierten Täter gouf kuerz drop vun der Police gestoppt a verhaft. Och den zweete Mann konnt ermëttelt ginn.
Mat Bléck op den Trafic ass e Samschdeg den Owend e Mann protokolléiert ginn, deen ouni Führerschäin an ënner Alkoholafloss zu Nidderaanwen an een aneren Auto gerannt war a sech dervu gemaach hat. De schwéier beschiedegte Won konnt kuerz drop vun der Police um Sennengerbierg fonnt ginn.