Demokratie ass fir vill Jonker en abstrakte Begrëff.

Wat en a sengem Fong bedeit, sollen d'Schüler op der Super-Wal-Kiermes vum Zentrum fir politesch Bildung erausfannen. Am Kader vun der Woch vun der Demokratie war e Stopp vun der Kiermes am Lycée Emile Metz zu Dummeldeng, wou d’Schüler vun der 4ième d’Staatsform vun der Demokratie konnten op eng méi spilleresch Manéier an deem klengen Zelt hannert dem Lycée entdecken.

"Wann ech dat Wuert 'Demokratie' soen, wat ass dat éischt, wat iech an de Kapp kënnt?", freet eng Mataarbechterin vum Zentrum fir politesch Bildung direkt am Ufank. D’Zil vun der Super-Wal-Kiermes ass nämlech, mat de Schülerinnen a Schüler an d’Gespréich ze kommen.

Am Atelier "Iddie fësche" geet et zum Beispill dorëm, iwwer aktuell Froen ze diskutéieren. Fir dass d’Schüler sech abréngen a gesinn, dass een dann och ka mat bestëmmen. Um Stopp mam Numm "Balance" läit de Fokus dann op de Grondsteng vun der Demokratie. Fräiheet, Gläichheet, Toleranz, si Begrëffer, déi hei falen.

"Wat mir wëlle vermëttelen, dat ass, dass Politik net just op engem Niveau entsteet, wou si net kënne matmaachen", betount d’Claire Enders vum Zentrum fir politesch Bildung. Och wa si nach keng 18 Joer hätten an nach net kéinte bei Gemengen- oder Nationalwale matmaachen, hätte si trotzdeem eng Stëmm. Zum Beispill kéinte si an der Schoul un demokratesche Prozesser deelhuelen. Dat, andeems se hir Meenung soen oder e Schülercomité opstellen an do fir hier Meenung astinn.

D'Kiermes wier eng aner Manéier fir ze leieren. Fir de Jugendlechen de Sujet vun der Demokratie méi no ze bréngen. Am Kader vun der Demokratiewoch hätt dat natierlech ideal an den Horaire gepasst, seet den Direkter vum Lycée Privé Emile Metz, de Pascal Thill. Déi jonk Leit wieren immens empfänglech, fir dat wat ëm si passéiert. "Et gëtt oft geduecht, dass se net richteg matkréien, wat dobausse lass ass. Mir hunn awer gemierkt an dëser Woch, am Kader och vun Table ronden, dass se sech Gedanke maachen, a wëlle matschwätzen", sou den Direkter. Dëst zum Beispill bei der Fro vum Walrecht vu 16 Joer un.

Deene Jonken huet d’Super-Wal-Kiermes jiddefalls gefall. Fir de Klassesall géint e klengen Exkurs virun d’Dier anzetauschen. Si huelen e puer nei Gedanke mat. An um Schluss konnte se dann och e Wonsch fir hir Schoul opschreiwen. Ganz am Sënn vun der Demokratie: D'Muecht dem Vollek, oder hei eeben de Schüler a Schülerinnen.