MaterialschuedAm August noutgelant: Nees Tëschefall mam nämmlechte Fliger

Um Donneschdeg um 12 Auer ass et zu engem Tëschefall tëscht engem Sportsfliger an engem Businessfliger komm.

© Archivfoto vum August 2017
Eisen Informatiounen war eng vun de Maschinnen, eng Turbo-Prop, grad fäerdeg mat tanken, wéi dee Fliger während dem Motorcheck an en anere Fliger gerannt ass, deen do geparkt war.

Cocasse ass, datt et sech eisen Informatiounen no bei dëser Maschinn ëm dee selwechte Sportsfliger handelt, dee schonn emol fir Opreegung gesuergt hat, wéi en Owes den 29. August bei der Landung nieft der Pist opkomm war.

Den Thierry Hirtz vun der ANA (07.12.2017)
Administration de la navigation aérienne.


Déi Maschinn stoung op där Plaz zënter August, also zënter dem Ament, wéi se vun der Justiz saiséiert gouf.

Deemools war dës Maschinn, déi an Holland immatrikuléiert ass, wéinst enger elektrescher Pann u Bord noutgelant. Duerfir haten 10 Linnevollen missten deviéiert ginn, wouvunner knapp 1.000 Passagéier betraff waren.

RTL-NEWS: VIDEOEN: Noutlandung um Findel: Hei parkt de Fliger

Wat um Donneschdeg hätt kéinten schif ausgoen, ass de Fakt, datt de Geschäftsfliger vum Typ Beechcraft King Air, deen an Däitschland immatrikuléiert ass, vollgetankt war, an hätt kéinten explodéieren.

© Beispillfoto vun enger Beechcraft King Air

D'Plaz vum Accident nieft dem Tarmac ass ofgespaart, déi 2 beschiedegt Fligere sinn immobiliséiert.

Beim Tëschefall ass kee blesséiert ginn, wéi d'Police RTL géintiwwer confirméiert huet. De materielle Schued ass natierlech awer héich.Den normale Fluchbetrib ass awer net gestéiert ginn, sou LuxAirport op eis Nofro hin.

Déi technesch Enquête leet d'AET (Administration des enquêtes techniques).