Zwou Persounen no Iwwerfall zu Dummeldeng op der Gare festgeholl
© RTL Archiv
E Samschdegnomëtteg krut d'Police en Iwwerfall zu Dummeldeng op der Gare gemellt.
Éischten Informatiounen no hätt d'Affer sech hei mat deenen zwee Täter getraff, fir hinnen eng Posch ze verkafen. Ma wéi et zum Verkaf sollt kommen, hätt ee vun den Täter e Messer erausgeholl an d'Affer opgefuerdert, hinne säi Gezei ze ginn. Den zweeten Täter hätt dann eng Waff gezéckt an dem Affer seng Posch, mat de Saachen, déi deen Ament an dëser waren, ofgeholl.
Eng Rei Passante sinn op den Tëschefall opmierksam ginn an hunn agegraff. Doropshi si béid Täter fortgelaf. Duerno hu si da versicht, mat der geklauter Bancomatskaart vum Affer op enger Tankstell ze bezuelen, wat awer net geklappt huet. Déi zwee Verdächteg konnte schliisslech am Kader vun enger Enquête ermëttelt ginn. An der Géigend vun der Plaz, op där d'Police si ugetraff huet, hunn d'Beamten dann och déi geklaute Posch an e sougenannte Schlagring fonnt.
Ee vun den zwee presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Sonndeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Deen zweete Verdächtege war nach mannerjäreg a gouf deementspriechend an de Centre socio-éducatif de l’État (CSEE) bruecht.