Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch mellt de CGDIS net manner wéi 6 Blesséierter bei 5 Accidenter.

Um 23 Auer war op der Helfenter Bréck a Richtung Bartreng e Motard gefall. De CGDIS mellt ee Verwonnten. Nieft dem Stater SAMU waren och d'Pompjeeë vu Bartreng a Mamer am Asaz, grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad.

Géint 01.10 Auer war tëscht Näidsen a Siwwenaler en Auto an de Gruef geroden. Zwou Persounen goufen do blesséiert. Pompjeeë vun Housen an aus dem Kiischpelt goufen op d'Plaz geruff, grad ewéi Ambulanze vu Clierf an aus der Nordstad, an den Ettelbrécker SAMU.

Weider Accidenter kuerz virun 19.30 Auer zu Rolleng bei Miersch. Zwee Ween hate sech ze pake kritt an eng Persoun gouf blesséiert.

Selwechte Bilan no enger Kollisioun tëscht zwee Ween op der Escher Autobunn um 18 Auer.

Um 17.13 Auer hat et op der Areler Autobunn A6 gerabbelt. Bei béiden Accidenter gouf all Kéiers eng Persoun verwonnt.