Sammelkloen och elo zu Lëtzebuerg méiglech
De Pierre Jans huet sech schlau gemaach, wat d‘Gesetz an Zukunft alles erlaabt.
Zu puer ass ee méi staark ewéi eleng. Dat gëllt natierlech och fir Konsumenten déi Affer vun enger Entreprise beduckst goufen mat Wueren oder Servicer déi net halen, wat se verspriechen. De legislative Prozess huet laang gedauert – net nëmmen dem Konsumenteschutz ze laang – ma elo ass et do: d‘Gesetz mat deem Sammelkloen och zu Lëtzebuerg méiglech sinn. D‘Chamber huet d‘lescht Woch unanime gréng Luucht ginn fir d‘Ëmsetzung vun der entspriechender EU-Direktiv an dat nationaalt Recht.
Wéi kënne Konsumenten, déi sech vun enger Entreprise bedru gesinn, eng Sammelklo areechen?
Dat ass vläicht direkt déi gréisst Enttäuschung fir d‘Verbraucher. Privatpersoune kënne keng Sammelklo areechen. Dat muss iwwer sougenannten entités qualifiées geschéien. Zu Lëtzebuerg ass de Konsumenteschutz ULC wéi gemaach dofir, oder firwat net och de Regulateur ILR. Esou Entitéite kënne Sammelkloen zu Lëtzebuerg, awer och am Ausland opstellen an areechen.
Iwwerhaapt gouf den initiale Gesetzprojet vun der deemoleger Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert massiv iwwerschafft. De Staatsrot hat nämlech net manner wéi 110 Oppositions formelles formuléiert. Dofir huet ënnert anerem d‘LSAP d‘lescht Woch an der Chamber trotz hirem Accord bedauert, de Lëtzebuerger Text géif d‘EU-Direktiv vun 2020 zwar erëmginn, awer och net méi.
Wéi kann dann an Zukunft eng Sammelklo zustane kommen?
Fir d‘éischt brauch et da leider mol Konsumenten, déi mat engem Produit oder engem Service net zefridde sinn, a sech vun der respektiver Firma bedru fillen.
Entweder maache si zum Beispill de Konsumenteschutz drop opmierksam, oder dee krut selwer scho Wand vun deem Problem, a waart schonn drop fir weider Leit ze fannen, déi an der selwechter Situatioun sinn. E bestëmmte Seuil fir eng Sammelklo gëtt et net, ma: Wat méi Affer, wat besser Argumenter duerno.
Da léisst déi qualifizéiert Entitéit dann op hir Käschte vun Affekoten an Experte préiwen, ob e Recours collectif aus juristescher Siicht méiglech ass.
Den Dossier, wou och dra steet, wien d‘Affer sinn, a wat si froen, geet un d‘Stater Geriicht. Wann d‘Geriicht d‘Sammelklo unhëlt, well et d‘Demanden plausibel fënnt, gëtt de grand-public informéiert a weider Affer – ob Member bei der ULC oder net - kënne sech deem Recours collectif uschléissen, fir si all komplett gratis. Natierlech musse si déi néideg Preuven, also Rechnungen a sou weider, prett hunn.
Da geet net direkt e Prozess un. Et ass jo sou, dass als éischt no engem Accord à l‘amiable gesicht gëtt fir Geriichtskäschten ze spueren an Zäit ze wannen. Wärend sechs Méint geet eng Mediatioun un. De Mediateur ass och gratis, ma fir d‘Geriichtskäschten an hir Affekote musse souwuel déi Entitéit, déi fir d‘beschiedegt Konsumenten asteet, wéi och déi viséiert Entreprise awer selwer opkommen.
An der Phase gëtt da gekuckt, ob d‘Entreprise sech mat hiren onzefriddene Clienten eens gëtt. Wa jo, kënnt an den Accord stoen, ob d‘Cliente Suen zeréckkréien, de Produit ersat gëtt, oder vläicht och e Bong verdeelt gëtt, zum Beispill.
Fir dësen Dossier ze preparéieren, war RTL mam Bob Schmitz zu Bréissel verbonnen. E Jurist, dee vill Joren fir d‘ULC um Dossier Recours collectif geschafft huet. Hien fënnt am Lëtzebuerger Gesetz net alles perfekt, ma dass intensiv probéiert gëtt, en eventuell laangwieregen a käschtenintensive Geriichtsprozess z‘evitéieren, begréisst hien. De Bob Schmitz, ULC-Conseiller fir EU-Recht:
„Eist Gesetz baséiert op den Texter aus Frankräich an der Belsch. Wéinst der Phase vun der Mediatioun fir en Accord ze fannen, si mir nach besser gestallt ewéi eis Nopeschlänner. An zu Lëtzebuerg kënnt jo nach dobäi, dass een awer méi einfach direkt mateneen an den Dialog kënnt. Dat ass e Plus vis-à-vis vun den anere Länner.“
Wann d‘Mediatioun positiv verlaf ass, gëtt e Liquidateur ageschalt, fir den Accord ëmzesetzen. An da kënnen och nach weider betraffe Konsumente sech uschléissen, fir och entschiedegt ze ginn. Wa keen Accord zustane kënnt, geet e Geriichtsprozess un.
Elo wou et gestëmmt ass, soll d‘Gesetz fir de Recours collectif jo séier a Kraaft trieden. Ma aktuell steet um Site vum Médiateur de la consommation nach näischt vun de Sammelkloen. Dee wär amgaangen aktualiséiert ze ginn, krut RTL op Nofro hi gesot. An och de Site „recourscollectif.lu“, deen d‘Regierung annoncéiert huet, ass nach net online.
Wéi eng Fäll kënnen dann iwwerhaapt als Sammelklo regroupéiert ginn?
Virop denkt een natierlech un Affären, déi héich Wëllen geschloen haten. Ewéi den Diesel- respektiv Ofgasskandal bei VW, oder d‘Affär vu booking.com, an deem 10.000 Hotelle géint d‘Präispolitik vun der Plattform geklot haten. Mä de Bob Schmitz vum Konsumenteschutz huet betount, och méi kleng Geschichte wären interessant. An Zäiten wou vill Leit dacks online ganz bëlleg Apparater oder Spillsaachen aus Asien kafen, déi sech duerno als net konform zu der EU-Reglementéierung, futti oder esouguer geféierlech erausstellen.
„Dofir brauche mir dann natierlech och Plaintë vu Lëtzebuerger Verbraucher, respektiv Residenten hei am Land. Déi sollen eis da matdeelen, wann zum Beispill bei Temu eppes falsch gelaf ass. A wa mir da genuch Fäll hu vun Temu, da probéiere mir an eis Partner mol mat Temu an den Dialog ze kommen. A wann dat net geet, da kënne mir eng Sammelklo géint Temu probéieren.“
Dat ass natierlech just e Beispill, an et ginn och aner Online-Plattformen déi bëlleg Produiten verkafen. Just fir dat ze präziséieren.
Wat de Bob Schmitz soe wëll: de Konsumenteschutz kann am beschten hëllefen an och teste wéi gutt d‘Lëtzebuerger Gesetzgebung beim Recours collectif ass, wann och Leit sech mat Fäll mellen. D‘Gesetz gëllt iwwerdeems retroaktiv op Enn Juni 2023. Ma well jo just Plaintë lassgetrëppelt ginn, wa se juristesch d‘Strooss halen, brauchen och d‘Entreprisen elo net ze fäerte mat Sammelkloen iwwerschott ze ginn.