6 Blesséierter bei 5 Accidenter op eise Stroossen
© Andy Bruecker / rtl.lu
D'Rettungsekippen haten all Hänn voll ze di bei Accidenter zu Bäreldeng, Ierpeldeng, Aassel, Rodange an op der A4.
An der Mëttesstonn hate sech zu Bäreldeng op der Haaptstrooss zwee Gefierer ze pake kritt. Eng Persoun hat musse blesséiert an d'Spidol bruecht ginn. D'Pompjeeë vu Steesel an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.
Ëm déi selwecht Zäit ass zu Ierpeldeng an der Route de Michelau de Chauffer vun engem Quad mat sengem Gefier ëmgekippt. Mam SAMU ass hien op Ettelbréck an d'Klinik gefouert ginn, d'Pompjeeë vun Angelduerf waren och geruff ginn.
Um 13 Auer war et zu Aassel en Accident tëscht zwee Autoen. D'Pompjeeë vu Réimech an d'Ambulanz vun Diddeleng hate sech der Saach ugeholl an ee Blesséierten an d'Spidol bruecht.
Kuerz viru 15 Auer hat et zu Rodange an der Rue Philippart geknuppt. Och bei dëser Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf eng Persoun blesséiert, déi mat der Ambulanz an d'Klinik ageliwwert gouf.
Kuerz no 15 Auer war et op der Escher Autobunn en Accident a Richtung Esch op der Héicht vu Steebrécken. Bei dësem Accident tëscht zwee Autoe goufen zwou Persoune blesséiert. D'Pompjeeë vun Esch a Monnerech, an och d'Ambulanze vun Esch a Schëffleng waren op der Plaz.