Och wann entretemps keng Zeie méi matfueren, ass et ëmsou méi wichteg, datt d'Erënnerung un déi schrecklech Zäite waakreg a present bleiwen.

Méi wéi eng Millioun Leit sinn zu Auschwitz am Konzentratiounslager em d’Liewe komm. Déi Plaz zielt haut zu engem vun de schrecklechste Symboler vum Zweete Weltkrich. An der Schoul ee Cours driwwer ze hunn ass eng Saach, wierklech op d’Plaz goen ass awer eppes ganz aneres. Duerch Fotoen an Texter entstinn net esou vill Emotioune wéi wann een a Wierklechkeet d'Schong an d'Hoer vun de verstuerwenen Léit gesäit, erklären d'Schüler.

Wat een am Konzentratiounslager gesäit, geet emotional un een. Och d’Geräischer, d'Ambiancen a Stëmme kënnen Emotiounen ervirbréngen. Esou konnt och d’Noemie, dat blann ass, d’Gefiller vu senge Komeroden deelen. Hatt erkläert, dass et duerch säin Taaschtsënn immens vill konnt verstoen, mä och detailléiert Beschreiwunge vun de Guiden a Begleeder hätten him gehollef.

De Saz "Dir sidd Zeie vun den Zeien" war ee wichtege Message vun den Organisateuren un d’Schüler, zemools elo wou et ëmmer manner Leit ginn, déi d’Geschicht wierklech materlieft hunn. D’Schüler si sech och hirer Responsabilitéit fir d’Zukunft bewosst.

Zanter e puer Jore scho geet keen Zeie méi mat op Auschwitz. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt déi jonk Generatioun d’Emotiounen an d'Geschicht vu fréier mathuelen an deelen.

Lëtzebuerger Schüler reesen op Auschwitz: Reportage vum Dany Rasqué