E Mëttwoch den Owend huet d'Technik an de Wand matgespillt. De GovSat1 ass elo eleng ënnerwee op Orbit. Et war en historeschen Dag fir de Grand-Duché.

E Mëttwoch den Owend géint 22.30 Auer eiser Zäit ass de Satellit GovSat1 eropgeschoss ginn. Nodeems jo en Dënschdeg de Lancement ëm 24 Stonne no hanne verréckelt gouf. D'Wieder war um Mëttwoch vill besser, et war manner stiermesch an et gouf keng technesch Problemer méi. Um kuerz no 23 Auer e Mëttwoch den Owend ass och d'Trennung tëscht dem Satellit an der Rakéit gekléckt. De GovSat1 ass elo eleng ënnerwee op seng geostationär Positioun. Wann de Satellit da bis säin Zil erreecht huet, dauert et nach eng Zäitchen, ier en operationell ass. Dat ka bis zu 6 Wochen daueren.

De Start vum GovSat1 ass gegléckt
Beim 2. Versuch ass alles wéi erwaart gelaf. D'Lëtzebuerger Delegatioun war nom gegléckte Start ganz houffreg.
AUDIO: Start GOVSat1: Reportage Nadine Gautier zu Cape Canaveral

De Xavier Bettel huet sech e Mëttwoch den Owend kuerz nom Start iwwer Twitter zu Wuert gemellt. De Lëtzebuerger Premier huet vun engem impressionante Moment geschwat, wéi d'Rakéit mam Satellit gestart ass. De GovSat1 géing dann och d'Positioun vu Lëtzebuerg am Weltraum-Secteur weider stäerken.

Weider war et d'Ausso vum Xavier Bettel, datt de Satellit e strategeschen an intelligenten Investissement vun eiser Defense an d'Ekonomie vum Grand-Duché wär.

Dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider no géif de Satellitte dat Bescht matenee kombinéieren, wat Lëtzebuerg an d'USA ze bidden hunn, sou de Minister op Twitter.

Fir d'Lëtzebuerger Delegatioun ronderëm déi Ierfgroussherzoglech Koppel war et e spannende Moment an d'Erliichterung war bei de Responsabelen an der Lëtzebuerger Delegatioun an de Gesiichter ze liesen, wéi d'Rakéit am Himmel verschwonne war.

Och den Ierfgroussherzog Guillaume huet op de Lancement reagéiert a gesot, hei hätt sech d'Geschicht widderholl.

AUDIO: Rakéit-Start gegléckt: Reaktioun vum Ierfgroussherzog

Lancement réussi du satellite GovSat-1 (31.01.2018)

Communiqué par: Service information et presse du gouvernement

 

La fusée Falcon 9 de SpaceX a mis sur orbite le 31 janvier 2018 le satellite GovSat-1 à partir de Cap Canaveral en Floride. Après que le lancement a dû être reporté d’un jour en raison d’un problème technique, la mission s’est déroulée sans problème en présence du couple grand-ducal héritier accompagné du Premier ministre, ministre d’État, ministre des Communication et des Médias, Xavier Bettel, et du Vice-Premier ministre, ministre de l’Économie, ministre de la Défense, Étienne Schneider.

Construit par la société américaine Orbital ATK, le satellite sera opéré par GovSat, une joint-venture publique-privée créée en 2015 par l’État luxembourgeois et SES, le premier opérateur de satellites au monde avec siège à Betzdorf. Opérationnel début mars 2018 à la position 21,5 degrés Est, GovSat offre des capacités de communication satellitaires sécurisées et fiables à la fois à des fins militaires et civiles pour répondre à une demande croissante du domaine gouvernemental et institutionnel. Alors qu’une partie de la capacité du satellite GovSat-1 servira à satisfaire les besoins luxembourgeois en matière de communication satellitaire en fréquences militaires, il est prévu de commercialiser les capacités restantes à des pays alliés et partenaires ainsi qu’à des organisations internationales (notamment OTAN et UE).

Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d’État, ministre des Communications et des Médias du Luxembourg, a déclaré: «Le Luxembourg a toujours été un pionnier dans l’industrie spatiale et a une longue tradition de partenariats innovants avec des sociétés privées du secteur aérospatial. Le lancement de GovSat-1 est le début d’une nouvelle expérience aérospatiale pour le Luxembourg, après la création de SES en 1985 et le lancement du premier satellite SES il y a près de 30 ans. GovSat et le lancement de GovSat-1 représentent une nouvelle étape pour renforcer la position du Luxembourg en tant qu’acteur clé dans le secteur de l’aérospatial, et contribue à la diversification de notre économie.»

Etienne Schneider, Vice-Premier ministre, ministre de l’Économie, ministre de la Défense a dit: «Conformément aux "Lignes directrices de la défense luxembourgeoise 2025+", le projet GovSat-1 s’inscrit dans le cadre des efforts de modernisation de la défense grand-ducale en favorisant le développement de compétences spécifiques dans le domaine satellitaire. Par le biais d'un partenariat innovant avec SES, nous nous appuyons sur les compétences existantes de l'industrie spatiale du Luxembourg qui jouit déjà d'un rayonnement exceptionnel à l'échelle mondiale et qui voit ses activités renforcées par l'initiative luxembourgeoise SpaceResources.lu

Karim Michel Sabbagh, président et CEO de SES: «Le marché mondial des communications satellitaires gouvernementales est un solide moteur de croissance pour SES, et nous continuons à développer nos capacités pour répondre à ce secteur en plein essor. Le satellite GovSat-1 propose des capacités différenciées qui viennent compléter la gamme actuelle de SES pour les gouvernements et les institutions. Unique en son genre, cette solution a été rendue possible grâce au partenariat avec le gouvernement luxembourgeois.»

«Le lancement de GovSat-1 ouvre une ère nouvelle pour la connectivité satellitaire sécurisée destinée aux gouvernements et aux institutions», a souligné Patrick Biewer, Chief Executive Officer de GovSat. «Il apporte des capacités différenciées sur les bandes sécurisées X et Ka militaire, en s'appuyant sur l'efficacité du secteur privé et un solide soutien gouvernemental. GovSat-1 a été conçu pour répondre aux attentes spécifiques des clients gouvernementaux, et permettra un large éventail d'applications de défense et de sécurité civile, même dans les zones les plus reculées.»

Wéi geet et nom Start weider?

AUDIO: Wéi geet et elo weider / Reportage Nadine Gautier

Wéi gesäit d'Firma GovSat nom erfollegräiche Lancement vum Satellit GovSat1 hir Zukunft? Wééi gesäit et mat engem GovSat2 aus? Un Iddien feelt et de Responsabelen op jiddfer Fall net.Déi éischt Zäit baut de Bedreiwer GovSat, deen den Ament 18 Mataarbechter zielt, natierlech seng Erwaardungen op säi neie Satellit. Ma do wëll een net stoe bleiwen. Et spillt ee scho mat neien Iddien, well een sengem Client d'Servicer vun A bis Z wëll kënne proposéieren, sou d'Presidentin vum Verwaltungsrot, Sasha Baillie.Dat heescht proaktiv agéieren.An do kommen d'Gespréicher iwwert ee GovSat2 an d'Spill.Elo géif et awer mol an aller éischter Linn drëms goen, sech op de GovSat1 ze konzentréieren, fir d'Besoine vun de Länner z'identifizéieren an op déi ze reagéieren. Kontakter an deem Sënn huet een déi lescht puer Joer konnte knäppen. Wéi et e Mëttwoch nom Lancement op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun der Lëtzebuerger Delegatioun zu Orlando geheescht huet, géif et den Ament 10 bis 15 Länner ginn déi d'Servicer iwwerhuele wéilten.D'Sasha Baillie wéist sech deementspriechend och ganz zouversiichtlech, datt sech d'Gespréicher mat de Kontakter konkretiséieren. Wéivill Länner elo genee d'Frequenze vum Satelitte Gov Sat1 benotze kënnen, ass ofhängeg vun de Capacitéiten déi grad gebraucht ginn.

De Start vum GovSat1 nach emol am Replay:

Sensor gefléckt, engem Start e Mëttwoch den Owend steet näischt méi am Wee

AUDIO: GovSat1 - 2. Versuch / Reportage Nadine Gautier

Véier Stonne soll et gedauert hunn, bis den defekte Sensor ersat war. Dëse Sensor war jo den Haaptgrond, wisou de Start vun der Rakéit ëm 24 Stonne verluecht gouf. A Kombinatioun mam staarke Wand, war de Start onméiglech gemaach ginn. Fir se ze flécken, huet d'Rakéit zum Deel missen ofmontéiert ginn, ma um fréie Mëttwoch den Owend eiser Zäit stoung se nees um Launchpad.

Géint 22.30 Auer eiser Zäit ass d'Zäitfënster dann nees opgaangen. D'Journalisten op der Plaz ware fir de Lancement eng 4 Meile vun der Plattform ewech, d'Delegatioun ronderëm de Premier Xavier Bettel hunn de Start am Kennedy Space Center verfollegt.

Technesch Problemer geléist a bessert Wieder
E Mëttwoch den Owend soll de Satellit GovSat1 elo eropgeschoss ginn. Nodeems jo en Dënschdeg de Lancement ëm 24 Stonne nohanne verréckelt gouf.

Start vu Rakéit eng komplizéiert Geschicht

VIDEO: GovSat: E Rakéitestart ass eng komplizéiert Geschicht
En technesche Problem an ze vill Wand waren dann och d'Ursachen, firwat de GovSat1 en Dënschdeg net lancéiert gouf.

E Rakéite-Start bleift eng héich komplizéiert a komplex Affär. En technesche Problem an ze vill Wand waren dann och d'Ursaachen, firwat de GovSat1 en Dënschdeg den Owend net lancéiert gouf.

Een technesche Problem bei engem Sensor gouf bei leschten Tester entdeckt an och d'Wieder hat net favorabel fir ee Start ausgesinn.

Ee Lancement vun enger Rakéit, deen no hanne verluecht gëtt ass keng Seelenheet. An de leschte Stonne virum Launch ginn nach eng Kéier eng Partie Tester duerchgefouert. Soubal ee klengen Doute besteet gëtt d'Preparatioun vum Depart ënnerbrach.

D'Technologien hu sech an de leschte Jore wesentlech verbessert. Kontrollmechanisme goufen agefouert. De Risiko, deen ee bei engem Lancement ageet, gëtt méi kleng.

D'SES schafft ënnert anerem aus Zouverlässegkeetsgrënn mat SpaceX an Ariane zesummen.

Wat genee ass GovSat?

Et gëtt se eréischt zanter 2015: D’Firma GovSat. Eng Lëtzebuerger Firma, déi also vun en Dënschdeg den Owend u Bedreiwer vun engem eegene Satellit, dem Gov-Sat1 wäert sinn. En historesche Moment fir déi nach jonk Firma. 
D’Nadine Gautier huet am Virfeld vun der Visite an den USA, de CEO vu GovSat, de Patrick Biewer begéint a mat him iwwert d’Firma, hir Entwécklung an hiren zukünftegen Satellit geschwat.

AUDIO: Wat ass GovSat fir eng Firma?

Wéi GovSat virun 3 Joer gegrënnt gouf, war et nach eng butzeg Firma an huet aus enger eenzeger Persoun bestanen. Mëttlerweil schaffen 18 Persounen do. An d’Aarbecht kéint an Zukunft nach vill méi intensiv ginn, wann de Satellit GovSat1 bis komplett a Betrib ass, fir ofgeséchert Datekommunikatiounen. Op deem Iwwerdroungskanal sinn d'Sécherheetsmesurë vill méi héich wéi bei enger normaler Kommunikatioun.

Wéi Capacitéite genotzt ginn, gëtt an der Gouvernance festgeluecht. D’Länner an d'Organisatiounen déi d'Frequenzen, also d’Capacitéiten zur Verfügung gestallt kréien, mussen am Aklang mam internationale Recht sinn, betount de Patrick Biewer.
Bis ewell war de Marché virun allem vu militäresche Satellitte gefëllt, allerdéngs géif d'Demande fir militäresch Capacitéiten iwwert national Besoinen erausgoen, och bedéngt duerch déi internationale Situatioun a Sécherheetslag. Et géif och e grousse Besoin fir ofgeséchert Datekommunikatiounen aus dem net-militäresche Beräich. Zum Beispill fir diplomatesch Reseauen, fir international Police-Missiounen, fir Missiounen an der maritimer Iwwerwaachung, Frontex z.B..

Déi hätten awer just ee limitéierten Zougank zu militäresche Satellitten. De Modell wéi GovSat et mat sengem neie Satellit proposéiert, ass an deem Sënn nei, datt et hei eng nei Offer gëtt. Duerch déi nei Offer um Marché, géif ee praktesch Pionéier hei sinn.

Zu 50 Prozent ass d’SES Aktionär bei GovSat. Déi aner 50 Prozent sinn an den Hänn vum Staat. De Kapitalbesoin léing bei 225 Milliounen Euro. Do hu béid Acteure jeeweils 50 Millioune bäigeluecht, de Rescht ass een Emprunt vu GovSat.
Zanter September ass d'Firma dann och an neie Raimlechkeeten um Site vun der SES zu Betzder installéiert. Ee scho ganz ofgesécherte Beräich.

RTL

2 Joer laang war ee mat der Konstruktioun vun den Installatioune beschäftegt, fir direkt kënnen z'agéieren, wann elo déi supplementar Demanden duerch den neie Satellit GovSat1 erakommen. Ma och elo schonns huet een eng Clientsbasis. Allerdéngs huet GovSat fir där Demande nozekommen,  Frequenzen op anere Satellitte geléint.

VIDEO: GovSat: En neit Geschäftsmodell
En Dënschdeg op e Mëttwoch gëtt den éischte Satellit vu GovSat, eng Firma, déi zu Hallschent dem Staat an zur Hallschent SES gehéiert, an d'All geschéckt.

Technesch Explikatiounen zum GovSat1 an den USA

Zu Washington ass e gebaut ginn an Ufank vum Joer huet e schonn eng kleng Rees hannert sech bruecht. En ass do nämlech op Cape Canaveral gefouert ginn.

AUDIO: Explikatiounen zum GovSat1 / Reportage Nadine Gautier

Am Laf vun en Dënschdeg soll en da mat enger Rakéit an den Himmel geschoss ginn, de Satellit GovSat1. Ee ganz spannende Moment, seet de Patrick Biewer, Direkter vu GovSat, dem Bedreiwer vum Satellit, besonnesch déi éischt Minutten. Do entsteet de gréissten aerodynameschen Drock op d'Rakéit. No ronn 3 Minutte léisst sech dann den éischten Deel.

A genee do kënnt Innovatioun an d’Spill. Deen Deel vun der Rakéit, dee lass geet, kéint nees zeréck op d'Äerd fléien a kéint fir e weidere Vol recycléiert ginn, wéi SpaceX dat scho gemaach huet. Deen aneren Deel mam Satellit flitt weider, zirka eng hallef Stonn an da gëtt en ausgesat, fir eleng weider ze fléien.

Wann de Satellit da bis säin Zil erreecht huet, dauert et nach eng Zäitchen ier en operationell ass. Dat ka bis zu 6 Wochen daueren. Bis dohinner ginn Tester gemaach. Konkret solle Servicer, also déi e securiséierte Kommunikatiounskanal brauchen, kënnen op Frequenze vum Satellit zeréckgräifen. Dat kënne Geheimdéngschter oder och Institutiounen a Geheimdéngschter sinn. Wéi vill Verbindunge gläichzäiteg herno kënne iwwert de Satellit gemaach ginn, ass schwéier ze soen.

Ronn 2 Joer laang ass um Satellit getüftelt ginn. 6 Méint laang um Design, de Rescht vun der Zäit goufe Simulatiouns-Tester un de Stécker gemaach, fir déi reell Konditiounen am Weltall no z’empfannen. Am November waren déi Tester fäerdeg.

Op mannst 15 Joer ass d’Liewenszäit vum Satellit GovSat1. Um Enn vun där Zäit gëtt en an den Weltall transferéiert.

Wéi gesot soll dee Lëtzebuerger Satellit e Mëttwoch eropfléien, just e puer Deeg ier GovSat säin drëtten Anniversaire feiert. Den Encadrement vum Lancement garantéiert SpaceX.

Kritik vun Déi Lénk

Déi Lénk si géint de Projet GovSat a warne virdrun, dass Lëtzebuerg net dierft zum Acteur an internationale Konflikter ginn. Si weisen drop hin, dass de Satellit net just fir d'Steierung vun Iwwerwaachungsdrone kéint genotzt ginn, ma och fir d'Zilerfaassung vun arméierten Dronen. Domat kéint vum Lëtzebuerger Staat finanzéiert Technik fir d'Ëmbrénge vu Mënsche agesat ginn.

Och d'KPL gesäit dat Ganzt net positiv

KPL: Militärsatellit ist ein weiterer Schritt
in Richtung Aufrüstung
Was von der Regierung als »historischer Tag für Luxemburg« verkündet wurde – der Start eines ersten Luxemburger Militärsatelliten am 31. Januar 2018 –, ist ein weiterer Schritt in Richtung Aufrüstung. Dem vorangegangen waren der Kauf eines Militärflugzeugs und der Beschluß, sich an mehreren Beschaffungsprogrammen der NATO zu beteiligen, darunter der Kauf von Drohnen, Tankflugzeugen und Militärhubschraubern.Die KPL wendet sich kategorisch gegen die Entscheidung der Regierung, zusammen mit der Satellitengesellschaft SES einen Militärsatelliten zu betreiben und für die NATO Übertragungskapazitäten zu kaufen, welche bei taktischen Militäreinsätzen in Europa, im Nahen Osten und in Afrika eingesetzt werden.Die »gewinnbringende Investition«, von welcher der Armee- und Wirtschaftsminister sprach, wird dazu führten, dass Luxemburg noch tiefer im Sumpf der aggressiven Rüstungspolitik der NATO versinken wird. Erneut werden Steuergelder zu militaristischen Zwecken verpulvert, statt dass diese Gelder nützlich in der Bildung, im Gesundheits- und im Sozialbereich investiert würden.Mitgeteilt von der KPL