Vill Eriträer am Land a ganz prekärer Logementssituatioun

Et wéisst een, datt et en allgemenge Problem zu Lëtzebuerg wier, ma d'Logementssituatioun vu villen Eriträer hei am Land wier ganz prekär.
Et misst esou séier wéi méiglech eppes gemaach ginn, fuerdert e Kollektiv vun e puer honnerte Leit, déi e Mëttwoch bei engem Rassemblement net just vun eenzele Schicksaler mee vun enger allgemenger Problematik erzielt hunn.
Vill vun de Betraffene sinn antëscht unerkannte Flüchtlingen a ginn dofir och vum ONA opgefuerdert, d'Flüchtlingsstrukturen ze verloossen. Ma d'Fro ass, wouhin? D'Communautéit vun den Eriträer versicht sech esou gutt et geet ënnerteneen ze ënnerstëtzen, erkläert de Solomon Mokonen:
"Si quelqu'un il dort une semaine chez quelqu'un, ou bien il dort dans un hotel. Ça veut dire, que je connais deux familles qui habitent dans un hotel, il paye à peu près 4000 euros par mois. Ils ont pas de revenu, mais c 'est la communauté qui aide pour payer. Mais la communauté, elle peut pas aider toute sa vie."
Keng Adress ze hunn, géif net just heeschen, keen Daach iwwert dem Kapp ze hunn:
"Sans logement, tu perds de travail, tu perds les enfants, tu perds aussi des revenus. J'imagine s'il y a 5 enfants, sans revenu, sans travail, sans logement. Voilà, avec le temps il sera à la rue."
Ma och déi, déi nach an de Strukture vum ONA kënne bleiwen, schwätze vu schockante Situatiounen an Ëmstänn. De Fessehaye Ghebregergis:
"Imagine that, 29 young ladies live in a single room, to live in a camp with other 150 men, that is hard!"
Vu Privatsphär ass do guer net ze schwätzen. Dofir och eng kloer Fuerderung:
"We are respectively and politely reconciling you, the official Government Delegateurs, to visit personally and to inspect all the camps, especially the most difficult camps, such as Soleuvre, Don Bosco, Mondercange, Kirchberg and Ettelbruck."
Vill vun hinnen hätte Bréiwer krut vum ONA, datt se missten aus de Strukturen eraus. Den ONA huet op eis Nofro allerdéngs op de Justizministère verwisen, de Justizministère sengersäits op de Logementsministère vun deem du via Mail just e schrëftleche Statement vum Claude Meisch koum. D'Nofro no abordabele Wunnenge wier héich an Instrumenter an d'Weeër geluecht ginn, fir d'Offer ze vergréisseren an dat fir jiddereen. Eng Äntwert, mat där sech déi Betraffe wuel kaum zefridde kënne ginn. Iwwer 170 Eriträer hunn iwwerdeems och schonn Enn August e Bréif un déi concernéiert Ministère gemaach mat hirem Uleies an hire Fuerderungen.