Campagne fir d'Stroossesécherheet ronderëm Schoulrentrée mat Gilet-Mol-Concours

D'Police wäert méi Presenz weisen, Kontrollen duerchféieren an nees Sécherheetsgileten un déi jéngst Schoulkanner verdeelen.
D'Police wäert besonnesch d'Vitess virun de Schoulen an d'Falschparke kontrolléieren.
Nei dëst Joer: e Concours mat Gileten fir ze selwer ze fierwen. D'Kanner kënnen e Gilet molen a dekoréieren a mat hirer Klass bei der Police ofginn.
Elteren a Chaufferen ginn opgefuerdert, besonnesch virsiichteg ze sinn a sech virbildlech ze behuelen.
Rotschléi vun der Police fir d'Elteren
-Gitt de Schoulwee zesumme mat Äre Kanner of, a weist hinne méiglech Geforen.
-Wielt de sécherste Wee, net onbedéngt dee kierzten
-Halt iech un d'Verkéiersreegele, och op kuerze Strecken
-Loosst d'Kand ëmmer op der Trottoir-Säit aus dem Auto erausklammen.
-Waart net op der anerer Stroossesäit, fir dass d'Kand net spontan iwwer d'Strooss leeft.
-Maacht d'Kanner siichtbar: mat hellen oder reflektéierende Kleeder, Gileten, asw.
-Wann Dir mat Vëlo fuert: Helm obligatoresch – fir Iech an d'Kand.
-Wann Dir eng Vëlo-Remorque benotzt, maacht se visibel
Rotschléi fir d'Kanner
-Gitt net um Bord vum Trottoir.
-Erfuere Kanner sollen op der Stroossesäit goen, fir déi Kleng ze schützen.
-Iwwer d'Strooss goe bei Luuchten oder Zebrasträifen, nodeems Dir lénks, riets an nach eng Kéier lénks gekuckt hutt.
-Passt op op Garagenafaarten a geparkten Autoen, déi d'Visibilitéit behënneren.
Rotschléi fir d'Automobilisten
-Kanner verstinn dacks nach net d'Geforen am Stroosseverkéier a si nervös bei der Rentrée. Dofir:
-Fuert mat Virsiicht, besonnesch bei Schoulen a Busarrêten.
-Reduzéiert d'Vitess, wann Dir Kanner gesitt.
-Sidd bereet ze bremsen – zu all Moment.