Groussen Interessi bei de Bierger fir d'Landesplanung
D’Biergerbedeelegung un den Diskussiounsronnen iwwert de neien Programme directeur vun der Landesplanung ass nawell grouss.
Dem Nohaltegkeetsministère no, hu sech zanter dem 19. Januar 558 Residenten an och Frontalieren ageschriwwen, fir un deenen, wéi et heescht "regionalen Laboratoiren" ze participéieren. 50 Persoune wäerte pro Regioun um Enn zeréckbehale ginn. En Tirage soll decidéieren, wien um Enn ka matmaachen. Déi betraffe Leit gi virum 19. Mäerz kontaktéiert.
De Gros vun den Inscriptioune kënnt mat bal 300 aus dem Zentrum vum Land. Donieft hu sech ronn 45 Frontalieren ageschriwwen, déi meescht dovun aus Frankräich. Derbäi kommen 38 Inscriptioune vu Gemengevertrieder, 8 Inscriptioune vun engem interministeriellen Aarbechtsgrupp a 40 selektionéiert Experten.
No de regionale Reunioune kënnt Ufank Juli e nationalen Diskussiounsdësch beieneen, wou dann all d'Propositiounen a Recommandatiounen a Punkto Landesplanung regroupéiert ginn. Den Nohaltegkeetsminister François Bausch huet sech zefridde gewisen iwwert déi héich Unzuel un Inscriptiounen, déi géife weisen, dass souwuel Residente wéi och Net-Residenten un der Organisatioun vun eisem Territoire intresséiert sinn, heescht et an engem Communiqué.
Beaucoup de citoyens intéressés à contribuer à l’organisation du pays dans le cadre de la refonte du Programme directeur d’aménagement du territoire (20.02.2018) | |
| |
Le 19 janvier 2018, le ministère du Développement durable et des Infrastructures a lancé de la campagne de recrutement pour l’inscription à quatre «laboratoires régionaux» dans le cadre du processus participatif de refonte du Programme directeur d’aménagement du territoire (PDAT). Le PDAT est un document d’orientation reposant sur un ensemble d’actions à mener par l’État et les communes en vue de développer le territoire national.
Vu que le nombre de citoyens inscrits excède le nombre de places disponibles (50 citoyens par laboratoire régional), il sera procédé à un tirage au sort pour désigner les participants par région. Les candidats retenus seront contactés avant le lancement du premier laboratoire régional le 19 mars 2018 à Manternach.
|