Staat huet "Caves du Sud" zu Rëmerschen kaf
© Domaines Vinsmoselle
D'Kooperativ "Domaines Vinsmoselle" krut fir d'Gebai 8,5 Milliounen Euro.
De Staat huet vun den "Domaines Vinsmoselle" d'"Caves du Sud" zu Rëmerschen kaf, fir abordabele Logement ze schafen. Kafpräis: 8,5 Milliounen Euro.
De Plan d’aménagement particulier gesäit 45 Logementer vir. Den ëffentleche Bauträger SNHBM soll de Projet developpéieren.
D'Gebaier sinn als historescht Monument klasséiert an deem gëtt Rechnung gedroen, heescht et an engem Communiqué vum Logementsministère e Méindeg. D'Vinothéik soll opbleiwen.
D'Transaktioun ass Deel vun der staatlecher Strategie, fir Foncier ze kafen, an ass komplementar ze gesinn zum sougenannte Vefa-Programm. Bei dësem ginn tëschent 2024 an 2027 800 Logementer fir 480 Millioune kaf.