ING ënnerschreift Sozialplang, fir 124 Mataarbechter "ofzedecken"
© Domingos Oliveira
D'ING huet mat dräi Gewerkschaften e Sozialplang ënnerschriwwen, duerch deen elo eng 120 Aarbechter sollen ofgeséchert sinn.
Engem Communiqué no huet ING Lëtzebuerg e Freideg mat dräi Gewerkschaften e Sozialplang ënnerschriwwen, duerch deen elo 124 Mataarbechter, déi potentiell hätte sollen entlooss ginn, "ofgedeckt" wieren. Wéi d'ALEBA, den LCGB an den OGBL an engem gemeinsame Schreiwes matdeelen, gesäit de Sozialplang ënner anerem zousätzlech finanziell Indemnitéiten a Méiglechkeete fir eng Karriärstransitioun vir.
Wéi weider ervirgehuewe gëtt, wier den Accord duerch "oppenen Dialog a Kollaboratioun" zustane komm an et wieren all méiglech Efforte gemaach ginn, fir de betraffene Mataarbechter ze hëllefen.
D'Bank huet jo decidéiert, fir mam Retail, also mam Individual-Geschäft, opzehalen, fir sech op de Private Banking fir Cliente mat grousse finanzielle Mëttel ze konzentréieren – eng Decisioun, déi d'Gewerkschafte bedaueren.