Bei de Verhandlungen iwwer den neie Kollektivvertrag goufe sech de Syndicat vun den Apdikter, kuerz SPL, an d’Gewerkschaften net eens.

Deemno wäert een elo an d’Conciliatioun goen. Den Alain de Bourcy, President vum SPL, betount, dass een an de Positioune wäit ausernee léich, hofft awer nach op en Accord duerch d’Conciliatioun.

Alain de Bourcy reagéiert op geplatzt Kollektivvertragsverhandlungen

E bal 20 Joer ale Kollektivvertrag géing néideg Changementer begrënnen, fannen d’Gewerkschaft OGBL an d'Salariatssyndikater. Besonnesch eng Säit gesäit den Alain De Bourcy awer an der Schold, dass an de leschte Joren net vill passéiert wier. 
 
"Dir kënnt mech als President vum Syndicat vun de Lëtzebuerger Apdikter net responsabel maachen, well den OGBL 20 Joer seng Hausaufgaben net gemaach huet. Genau sou wéi d’Syndikater vun de salariéierten Apdikter."
 
Ee Knackpunkt vun den Diskussiounen ass de Salaire, wou ee sech a senger Positioun beweegt hätt a bereet wier méi op den Dësch ze leen. D’Gewerkschafte wëllen e Plus vun 8 Prozent. Wat d’Propos vun der Patronatssäit ugeet, do wollt de President vum SPL net an den Detail goen. An de Medien ass vun Zuelen tëscht engem Plus vun 2 a 6 Prozent riets. 
 
"Wa Verhandlungspositiounen esou verfuer sinn, dass op eng Kéier verschidde Prozentsätz an de Medien duerch d’Welt geeschteren, dann ass et gutt, dass mer an d’Conciliatioun ginn. Fir dass mer do nees eng Kéier zesummen um Dësch kucken, wou mer stinn, a wat mer kënne maachen."
 
D’Fuerderung vun de Gewerkschafte bei de Congésdeeg vu 25 plus dräi Deeg op 26 plus fënnef Deeg eropzegoen, wier fir den Eenzelhandel iwwerdriwwen, fënnt den Alain de Bourcy. Wat d’bezuele vun de Stonnen, wou Garde ass, ugeet, misst ee kucken, wéi ee sech do kann dem legale Kader upassen. 
 
Dass d’Apdikter hire Bilan net géinge virleeën, wéi vun der Gewerkschaft behaapt, géing net stëmmen. Schliisslech hätt den OGBL, deen an der Direktioun vun der CNS representéiert wier, en Abléck op d’Ëmsätz, déi op d’CNS géinge goen.