D'Police sicht nees no neie Leit, dat mat enger grousser Rekrutéierungscampagne an enger Serie vun Informatiounsversammlungen uechter d'Land.

D'Police mécht en neien Opruff fir Kandidaten, dat an de Karriären A1, B1 an C1. Engem Schreiwes no stéinge bei dëser Rekrutéierungscampagne méi wéi 200 Posten op, fir déi ee sech ka mellen.

Fir déi spezifesch Exame kënne sech just Leit aschreiwen, déi schonn den allgemenge Staatsexame gepackt hunn. Fir déi eenzel Karriäre gëllen déi folgend Aschreiwungsperioden:

  • A1: vum 28.11.2025 bis den 12.12.2025
  • B1: vum 31.10.2025 bis de 17.11.2025
  • C1: 21.11.2025 bis de 07.12.2025

RTL

© Police

D'Police organiséiert dann och regional Informatiounsversammlungen, fir déi interesséiert Kandidate weider iwwert de Beruff opzeklären:

  • De 27.10.2025 vu 17 bis 19 Auer um Verluerekascht
  • Den 28.10.2025 vu 17 bis 19 Auer zu Dikrech
  • Den 29.10.2025 vu 17 bis 19 Auer zu Gréiwemaacher
  • Den 30.10.2025 vu 17 bis 19 Auer zu Déifferdeng

Bei dëse Versammlunge kënnen d'Leit an engem informelle Kader hir Froe stellen a sech mam Personal austauschen, sou de Communiqué vun der Police.

Fir d'Informatiounsversammlunge muss ee sech umellen, dat iwwer dëse Link. Weider Informatioune fannen d'Kandidaten online.