No engem Treffen tëscht de Ministere Gloden a Quintin si sech Lëtzebuerg an d'Belsch eens: d'EU-Baussegrenze solle verstäerkt ginn, déi bannen awer net.

Treffe vun den Inneminister /Reportage: Claudia Kollwelter

De belschen Innen- an Defenseminister Bernard Quintin ass zanter e Sonndeg op Visitte zu Lëtzebuerg. Bei enger Entrevue mat sengem Homolog Leon Gloden e Méindeg zu Senneng am Schlass ass et ënnert anerem ëm d'Police-Kooperatioun gaangen an ëm de Kampf géint d'organiséiert Kriminalitéit.

Et wier eng Visitte gewiescht tëscht Noperen, Partner, Frënn – et wier ee wéi Cousinen, sou de Léon Gloden: "Do hëlleft ee sech. Mir waren eis eens, keng Pandemie, keng Kris, keng Kriminalitéit kennt Grenzen."

D’Kooperatioun tëscht béide Länner ass jo scho ganz enk, hei géif et awer nach Potential ginn, fir dës weider auszebauen: "Hei kann een elo zwee konkret Fäll nennen. Wéi gesot, et ginn eng Rei Accords d’exécution vun deem Benelux Traité, an d’Belsch an Holland sinn do méi wäit wéi Lëtzebuerg. Mir hunn zwee Accords d’exécution nach net mat ënnerschriwwen, an ech hunn elo gesot, ech wier frou, wa mir dat elo kéinte maachen. Mir mussen da kucken, wéi mir eis un déi accords bilatéraux tëscht Holland an der Belsch kennen drop grefféieren. Dat ass den échange d’information wa gemeinsam Patroulle gemaach ginn. Oder eben den échange de données am Kader vun der automatescher Erkennung vun den Autosplacken."

De Projet de loi vun der automatescher Erkennung vun den Autosplacken ass um Instanzewee.

Et wier awer och enorm wichteg, datt keng Kontrollen tëscht de gemeinsame Grenze géife gemaach ginn, sou de Léon Gloden weider: "Mir sinn allen zwee vu Schengen iwwerzeegt a waren eis och eens, datt d'Kontroll un de Baussegrenzen musse verstäerkt ginn mee net op de Bannegrenzen."

Och den Drogenhandel war e Sujet, well ee weess, datt en Deel vun den Drogen iwwert d'Häfen an der Belsch era kommen. "Mer sinn eis bewosst, datt do nach méi enk muss zesumme geschafft ginn", sou den Inneminister.

De System vum LU-Alerte gouf de Gäscht aus de Belsch de Moie presentéiert, wat de Minister Bernard Quintin immens begréisst huet: "Mir hunn och eise System, mee mir kënne vun ärem System nach bäiléieren. Mat enger gudder Informatioun kann ee nämlech scho vill Saache geréieren."

D'Kooperatioun tëscht der Belsch a Lëtzebuerg wier excellent, dat souwuel vun der Police wéi och vun de Pompjeeën, sou nach de Léon Gloden.