Ronn 15.000 Lëtzebuerger sinn ënnert den 230.000 Grenzgänger, déi all Dag an d'Land schaffe kommen. Mir hunn der e puer vun hinne begleet.

All Dag komme ronn 230.000 Grenzgänger iwwer eis Grenzen eran, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen. Owes verloossen si de Grand-Duché erëm. Dat bewierkt, dass d’Lëtzebuerger Populatioun an deene Stonnen ëm een Drëttel wiisst. Sou hat Lëtzebuerg am Joer 1974 ganzer 11.400 Grenzgänger, sou sinn et der haut 230.000.

Eng Zuel, déi och stänneg wiisst, ass déi vun de Lëtzebuerger Auswanderer, déi sech am noen Ausland nidderloossen, hir Aarbecht awer weiderhin hei am Land hunn. Zu dësem Zäitpunkt sinn dat ronn 15.000 Lëtzebuerger. Et sinn an alleréischter Stell déi horrend Wunnengspräisser hei am Land, déi d’Lëtzebuerger an d’Ausland drécken. Wat d’steierlech Aspekter ugeet, sou sinn d’Grenzgänger zu Lëtzebuerg steierflichteg.

47 % vun de Lëtzebuerger Beschäftegte si Frontalieren

Vun de 490.000 Beschäftegten, déi zu Lëtzebuerg schaffen, si 47 % Grenzgänger. Ronn 130.000 kommen aus Frankräich, 52.000 aus Däitschland a 55.000 aus der Belsch. D’Zuel vun den däitschen a belsche Frontaliere geet am Moment liicht zeréck, déi vun de franséischen awer an d’Luucht.

Méi Stau, awer och méi Wunnqualitéit

Fir déi meescht Lëtzebuerger Grenzgänger ass et, fir de Pro a Contra tëscht Ausland an Inland ze evaluéieren: Moies an owes am Stau stoen, fir dofir awer méi Wunnqualitéit hunn.