De Stefan Chorus ass am Alter vun 63 Joer gestuerwen
Wéi d'Entreprise op hirem Linkedin matdeelen, ass hire Co-Proprietär a Managing Direkter Stefan Chorus gestuerwen.
Wéi et am Post heescht, hätt de Stefan Chorus an de leschte Méint staark gesondheetlech Problemer gehat. Véier Joerzéngte war hien bei der d'Firma Streff aktiv an huet esou d'Fondatioun vun der aktueller Situatioun vun der Entreprise gepräägt. 1970 huet dem Stefan Chorus seng Famill d'Firma, déi 1928 vum Albert Streff gegrënnt gouf, iwwerholl an huet d'Entreprise weidergefouert an ausgebaut. Well nieft der Plënnerfirma, wéi wuel de meeschte Leit hei am Grand-Duché e Begrëff ass, huet ee sech ënnert der Leedung vum der Famill Chorus zanter den 1990er Joren och nach op Digitaliséierung an Dateschutz esouwuel op nohalteg Logistik spezialiséiert.
Ausserhalb vum Betrib huet de Stefan Chorus och an kulturell a sportlech Organisatiounen investéiert, fir esou der Gesellschaft an der Communautéit eppes zeréckzeginn, steet weider op Linkedin ze liesen.