NEI FOTOEN A VIDEOEN - Vum 28. bis 31. OktoberGrande-Duchesse op humanitärer Auslandsrees am Libanon

Vum 28. bis den 31. Oktober war d'Grande-Duchesse a verschidde Missioune fir d'Unesco an d'Unicef am noen Osten ënnerwee.

Am Kader vum Forum "Stand Speak Rise Up - Pour en finir avec les violences sexuelles dans les zones sensibles", deen d'Grande-Duchesse am Mäerz d'nächst Joer organiséiert, war si als "Ambassadrice de Bonne Volonté" fir d'Unesco, "Eminent advocate" fir d'Unicef an och als Presidentin vun hirer Fondatioun fir 4 Deeg op enger Auslandsrees am Libanon.

Grande-Duchesse op humanitärer Auslandsrees am Libanon (02.11.2018)
Vum 28. bis den 31. Oktober war d'Grande-Duchesse a verschidde Missioune fir d'Unesco an d'Unicef am noen Osten ënnerwee.


Si wollt sech um Terrain selwer e Bild maachen. Virgesi waren Temoignagë mat Affer an Iwwerliewende vu sexuellen Iwwergrëffer, och Visitten an engem Flüchtlingslager, engem Spidol an dem Foyer "Safe house" stoungen um Programm. Donieft wollt d'Grande-Duchesse vun där Rees profitéieren, fir sech z'informéieren, wéi eng ONGen an Zukunft vun hirer Fondatioun ënnerstëtzt kënne ginn.

De Libanon ass ee vun deene Länner, déi am meeschte vun der Syrien-Kris betraff ass. D'Unzuel vu Refugiéen huet mëttlerweil ee Véierel vun der kompletter Populatioun erreecht.

Grande-Duchesse op humanitärer Auslandsrees am Libanon (29.10.2018)
Vum 28. bis den 31. Oktober ass d'Grande-Duchesse Maria Teresa a verschidde Missioune fir d'Unesco an d'Unicef ënnerwee.


Zweeten Dag da vun der Grande-Duchesse hirer Visitt am Libanon, wou si den Dënschdeg de Moien ee Flüchtlingscamp zu Bar Elias besicht huet. Si huet dobäi gehollef, Liewensmëttelpäck ze verdeelen an huet sech mat Flüchtlingsfamillen ënnerhalen. En Dënschdeg war och eng Visitt vun den Ateliere vun der Associatioun "Arc en ciel", hei huet d'Grande-Duchesse Maria Teresa eng Lëtzebuerger Fra begéint, déi zanter 3 Joer am Libanon fir "Arc en Ciel" schafft, dat ass eng libanesesch ONG, déi deene Mënschen hëlleft, déi et am néidegsten hunn, och behënnerte Kanner. Duerno stoung och nach ee Besuch bei engem Foyer vun der Caritas fir Affer vu sexueller Gewalt um Programm.

Grande-Duchesse op humanitärer Auslandsrees am Libanon (30.10.2018)
Si huet um 2. Dag ee Flüchtlingscamp besicht, wou si ënnert anerem gehollef huet, Liewensmëttel ze verdeelen.

ou sie de moien ee Flüchtlingscamp zu Bar Elias besicht huet, sie huet dobäi gehollef Liewensmëttelpäck ze verdeelen an sech mat Flüchtlingsfamilien ennerhal



Och huet d'Grande-Duchesse eng Famill kenne geléiert, déi zanter 4 Joer an engem Flüchtlingscamp eng 50 Kilometer vu Beirut ewech lieft. An dësem Camp huet d'Grande-Duchesse mat den Affer vu Gewalt d'Gespréich gesicht. Et si genau esou Leit, déi dat Ganzt matgemaach hunn, déi Si wëll um Forum géint sexuell Iwwergrëffer am Mäerz 2019 zu Wuert komme loossen.