"De Pedro kënnt net méi aus Portugal zeréck", sou d'Menace virum Mord
© RTL Archivbild
En Dënschdeg huet d'Geriicht weider Aussoen zum Gëft-Mord a Portugal héieren: trotz ville Menacë soll keen den Eescht vun der Situatioun erkannt hunn.
Um Stater Geriicht ass en Dënschdeg de Prozess wéinst engem Mord a Portugal am August 2021 virugaangen. Um Moien huet dee Mann ausgesot, dee gläichzäiteg eng Relatioun mat der Haaptugekloten an hirer Mamm hat.
Hien huet beschriwwen, wéi si ee Mount virum Depart an d'Vakanz zu Esch iwwert verschidde Gëfter geschwat hunn. Ma trotzdeem hätt hien net dru gegleeft, datt déi Fra, déi hien hat, zu engem Mord fäeg wär.
Kee soll den Eescht vun der Situatioun erkannt hunn
De 29. Juni 2021 wier d'Ana fir z’iesse beim Mariana a beim Antonio gewiescht. Bemol hätt d'Ana hie gefrot, ob hien e Gëft géing kennen, wat keng Spueren hannerléisst. Hien hätt dozou nee gesot, mee geäntwert: "Ech hu vill National Geographic gekuckt, do war en Episod a Brasilien, am Amazonas, do hunn se eppes mat Téi gemaacht."
Sou huet hien d'Internetrecherche erkläert, déi d’Police op senger Cloud fonnt huet.
Ma hien hätt näischt fonnt. Doropshin hätt d'Mariana gesot, "Gëff him d'Gëft géint d'Scarabéeën". Dat wier awer net esou einfach ze kréien, hätt den Antonio doropshin ze bedenke ginn, dofir bräicht een en Zertifikat. Ma d'Ana hätt geäntwert, hat géif schonn eng Persoun fannen, déi et géing kafe goen.
Soss hätt den Antonio dozou näischt gesot, näischt gefrot. Hien hätt sech net kënne virstellen, datt déi zwou Fraen dat géife maachen, obschonns d'Ana méi ewéi emol gesot hätt, "De Pedro kënnt net méi aus Portugal zeréck".
Dat wëll hien och bis zulescht net gegleeft hunn. Och wann hien an den Deeg virun der Dot emol Owes wëll gesinn hunn, datt d'Ana Schwiewel-Saier an d'Sangria gemëscht hätt, fir dem Pedro ze ginn. Ma dat géif brennen am Mond, dat hätt de Pedro jo direkt gemierkt an dem Ana och gesot. Mee dowéinst hätt hie sech och keng Suerge gemaach, datt de Pedro et géing drénken an hätt hien och net gewarnt.
Just den Dag dono, wéi hien um Gank laanscht de Pedro gaange wär, hätt en him gesot, hie soll näischt drénken, wat déi zwou Fraen him virsetzen. De Pedro hätt net nogefrot, firwat. Hie selwer hätt ëmmer nach geduecht, d'Ana, déi Fra, déi hie gär hat, géif net Eescht maachen.
Den Owend vun der Dot selwer wier hien direkt an d'Bett gaangen, nodeems dem Ana seng Kanner schlofe waren, an hätt Facebook gekuckt, bis hien ageschlof wier. Datt d'Mariana Mëttes mat der Cousine d'Gëft kafe war, hätt hien net gewosst. "Ech hunn dat Gëft ni gesinn, ni ugepaakt", sou den Antonio.
Hie wier Nuets och just opgestanen, fir op d'Toilette ze goen. Ma d'Mariana hätt hie waakreg gemaach an him gesot, d'Ana hätt de Pedro vergëft, hie misst matgoen e fortféieren. Dat hätt den Antonio refuséiert. Doropshin hätt d'Mariana gesot, da misst hat hiren Enkel froen, fir mat ze goen. Ob dee mat war, wéisst hien net.
Hie wier dunn ënner Schock gewiescht, hätt kee Buedem méi ënner de Féiss gehat. Hien hätt näischt gesot, näischt gefrot: net ob de Pedro nach géing liewen, keng Police geruff, keen Dokter. Seng siwe Saache gepaakt a sech duerch d'Bascht gemaach, aus Angscht, déi zwou Frae kéinten och hien ëmbréngen, huet hien och net.
Den Antonio, huet d'Riichterin observéiert, hätt also Geleeënheet gehat, de Pedro ze retten, mee huet et net gemaach. Datt hie bei der Police a beim Untersuchungsriichter aner Versioune vun de Faite gezielt huet, huet hien domat erkläert, datt hien néng Méint an der Psychiatrie gewiescht wier.
A sengem zweete Verhéier hat hie gesot, d'Mariana hätt hie verhext: "Elles m'ont ensorcelé", sou den Antonio. Doraus hätt hie sech eréischt kéinte léisen, wéi e beim spadséieren am Bësch e Kräiz fonnt hätt. Dat hätt hien am Grapp gehalen, wéi e schlofe war. "Den Dag sinn ech erwächt a war en neie Mann", sou de Mannn viru Geriicht. Zanterhier kéint hie soen, wat richteg geschitt wär.
De Prozess geet e Mëttwoch virun. Da muss och nach de Bouf vun der Haaptugekloten aussoen.