En Dënschdeg hu souwuel d'Gewerkschaften wéi och d'Patronat a getrennte Reuniounen der Regierung hir Fuerderunge presentéiert.

Méi wéi véier Stonne souz d'Regierung en Dënschdeg am Ganze mat de Gewerkschaften an dem Patronat zesummen, fir an éischter Linn iwwert de Plan d'organisation du travail an d'Periode de référence ze schwätzen.

Nodeems et bei de Sozialronnen am Juli a September jo net zu engem Accord komm war an d'Gewerkschaften annoncéiert haten, net méi an d'Reunioune vum Comité permanent du travail et de l'emploi ze goen, ginn d'Verhandlungen elo a Bipartitte virun.

Vill gewuer gouf een no de Reuniounen awer net. D'Gewerkschaften an d'Patronat hunn emol hir Fuerderunge presentéiert, ouni datt d'Regierung dorobber reagéiert huet. Déi dräi Sozialpartner hu sech awer doriwwer zefridde gewisen, datt iwwerhaapt rëm matenee geschwat gëtt.

Déi nächst Reunioun ass den 19. November. Dat nächst Joer wëllt ee sech dann nach zwee Mol gesinn, fir datt am Mäerz/Abrëll ee Resultat presentéiert ka ginn.