Accident tëscht der Kockelscheier a Réiser
Ee Blesséierten, nodeems Auto sech iwwerschloen huet
© RTL Archiv
Kuerz no 16.30 Auer koum et tëscht der Kockelscheier a Réiser zu engem Accident, bei deem sech en Auto iwwerschloen huet an eng Persoun blesséiert gouf.
Méi genee war et géint 16.37 Auer um CR158 tëscht der Kockelscheier a Réiser zum Accident komm. En Auto hat sech iwwerschloen a war op der Kopp leie bliwwen. Op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren, waren de Samu aus der Stad grad ewéi d'Ambulancieren aus der Stad a vun Diddeleng souwéi d'Pompjeeën aus der Stad a vu Réiser.
Wéi am Trafic-Info vum CITA stoung, war d'Streck géint 17.30 Auer zum Deel nach blockéiert.
Am meeschte gelies