Proff ze ginn, ass a bleift e beruffleche Choix, dee Sënn mécht.

Dat weisen d'Zuele vun den zoustännege Ministèren. Esou ginn an den dräi Haaptsproochen Däitsch, Franséisch an Englesch iwwert déi nächst fënnef Joer iwwer 400 Enseignanten gebraucht. Fir d'Mathé kommen nach emol 169 Plazen dobäi, déi de facto missten ersat ginn.
 
U sech dierft et kee grousse Problem sinn, fir d'Plazen an den véier Fächer ze fëllen: esou sinn aktuell knapp 1.000 Studenten op der Uni.lu oder auslänneschen Universitéiten, déi eng vun de Sprooche respektiv Mathé a Statistik studéieren.
 
Kloer ass natierlech och, datt net all dës Studente herno a Lëtzebuerger Lycéeën wäerte schaffen, wëll déi professionell Pläng vun dëse Fraen a Männer de Ministère vun den DP-Politiker Meisch a Obertin net bekannt sinn.

Iwwert d'Penurie vun Enseignanten an eenzelen Fächer hat zwee DP-Deputéiert eng parlamentaresch Fro gestallt.

D'Studentefoire op der Uni-Belval ass iwwerdeem den nächsten Donneschdeg a Freideg.