D'Aarbechten am neie Quartier Neischmelz zu Diddeleng komme gutt virun. Et léich een an den Delaien, heescht et vum Fonds de Logement.

Do wou spéider emol soll e liewege Quartier sinn, gëtt haut, an nach eng Zäit laang, gebaggert. Camione féiere Charge voller Buedem vum Chantier. De Jacques Vandivinit, Direkter vum Fonds de Logement erkläert, dass de Buedem eng vun den Erausfuerderunge vum fréieren Industrie-Site ass. Deemno wier de Gros vun den Aarbechten den Ament sougenannte "Bodenmanagement"-Aarbechten. Heescht, dass een d’Pollutioun aus dem Buedem an de Gebaier hëlt, déi wéinst der fréierer industrieller Notzung vum Site nach dran ass. De gréissten Deel vun de Gebaier gouf och schonn ofgerappt, ma eng Partie wiere geschützt. Dës wier een elo amgaangen, ze sanéieren an ze depolluéieren, wéi de Jacques Vandivinit seet.

RTL

© Diana Hoffmann

Mat den Aarbechte generell kéim een awer gutt virun. Sou ass déi 600 Meter laang Stolkonstruktioun vun de fréieren Hale vum Walzwierk esou wäit gebotzt. Dës soll spéider an den neie Quartier integréiert ginn. “Do wäerte mer herno mat engem System “Box in a Box”, wéi dat genannt gëtt, ënnert där Struktur eng ganz Rei vun Aktivitéiten hunn”, preziséiert den Direkter vum Fonds de Logement. Nieft Logement sollen och sportlech a kulturell Aktivitéiten dofir Suergen, dass de Site liewenswäert gëtt.  
 
De Quartier wäert sech iwwer 34 Hektar vum Gemengenhaus bis un déi franséisch Grenz zéien. 1.575 Wunnunitéite, sou wéi eng Primärschoul, Crèchen a Butteker si geplangt.

An autofräie Quartier, dee gutt ugebonnen ass

Den neien Deel vun Diddeleng soll souwäit autofräi sinn, mat zentraliséierte Parkhaiser tëscht dem neie Quartier an dem Quartier Italien. Gutt ugebonne soll een awer sinn, wéi den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana ënnersträicht. D’Gare am Quartier Italien soll an Zukunft hei eng wichteg Roll kréien. "Wann d’Modernisatiounsaarbechten um Zuchreseau, déi den Ament gemaach ginn, tëscht der Stad a Beetebuerg fäerdeg sinn, da kann op der Achs Beetebuerg-Diddeleng geschafft ginn", betount de Buergermeeschter. An da géingen och Direktzich tëscht Diddeleng an der Stad fueren, wat dem Quartier Neischmelz zegutt kéim.
 
Wat dann den Zäitplang vum ganze Chantier ugeet, léich ee wéi gesot nach dran. Mat éischte Spuedestéch ass deemno dat nächst Joer ze rechnen. Déi éischt Leit sollen an dräi bis véier Joer um Site wunnen. Zwee vun de véier PAPen, aus deenen den neie Quartier wäert bestoen, sollen awer schonn an den nächsten 8 Joer fäerdeg sinn. Bis de ganze Projet steet, si mer awer all e gutt Stéck méi al. 2040 respektiv 2042 ass d’Zuel, déi ganz hannen um Horizont steet.