Wéinst Zirkulatioun vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg huet d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung weider Moossnamen annoncéiert, fir d'Déieren ze schützen.

D'Alva confirméiert en Dënschdeg, datt weider Fäll vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg detektéiert goufen, dat bei wëllen Déieren. Aktuell wieren néng Hoergänsen an ee Reier betraff, sou e Communiqué zum H5N1-Virus.

D'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung hëlt dowéinst eng weider Mesure, fir Haus-Gefligel ze schützen: all Ausstellungen, Foiren a Mäert mat Gefligel si verbueden. Déi aner Moossname, wéi datt d'Déieren a Ställ musse gehale ginn a just raus däerfen, wann Netzer installéiert goufen, bleiwen en Place.

D'Verwaltung rappelléiert och, datt fir déi ëffentlech Gesondheet keng Gefor besteet, zum Beispill wann Eeër oder Gefligel-Fleesch konsuméiert ginn.

Doudeg oder krank Déiere sollen der ALVA gemellt ginn.