200 nei Dossiere koumen d'lescht Joer eran
Dem Centre pour l'égalité du Traitement feelt et net un Aarbecht.
Esou goufen 2024 eng knapp 200 nei Dossieren instruéiert, woubäi en Drëttel vu Fraen deposéiert goufen, 37% vu Männer an de Rëscht vun Organisatiounen.
An engem Fënneftel vun alen Dossiere gouf et ëm Diskriminatioune wéinst der Nationalitéit vun enger Persoun. Fir esou Fäll ass de Gläichstellungszenter awer net kompetent.
A 44 Fäll goufen et Leit, déi wéinst hirer ethnescher Originne e Schreiwes gemaach hunn, a 40 Fäll goufen et Diskriminatiounen wéinst engem Handicap.
Wéi den Zenter fir d'Egalitéit vum Traitement matdeelt, konnt an engem Drëttel vun de Fäll, de Probleem geléist ginn an a 14% vun alle Fäll konnt keng direkt Diskriminatioun festgestallt ginn.
De CET steet nom Depart vun der 28 Joer jonker Susanna Van Tonder iwwerdeems ouni President do.
Bis den 1. Dezember leeft en Appel de candidatures, déi beim Chamberpresident sollen eragereecht ginn, fir d'Mandat vun der demissionärer Presidentin bis 2029 fäerdeg ze maachen. Coordinateur am CET ass de Gilles Boultgen. En Direktesch-Poste gëtt et aktuell net, nodeem d'Nathalie Morgenthaler 2023 fir d'CSV an d'Chamber gewielt gi war.