D'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire huet matgedeelt, datt ee verschidde Produite muss zeréckruffen.

Bei de Marshmallows vun de Marken "Aldi" a "Favorina" gouf en ze ze héijen Undeel u mineraleschen Ueleger festgestallt. Betraff sinn d'Produite vum Aldi mat der Lousnummer LT25249A déi sech bis Juni 2026 halen an déi tëscht dem 6. an dem 27. Oktober verkaf goufen a bei "Favorina" mat der Nummer LT25241KB déi bis Mee 2026 gutt sinn.

Dann huet Delhaize awer och nach matgedeelt, datt een de "Reblochon de Savoie" vun der eegener Mark muss zeréckruffen. Hei ass de Grond eng méiglech Presenz vun E.coli-Bakterien. Betraff sinn hei d'Wuere mam Barcode 221819XXXXXXX, déi e bis den 11. November 2025 gutt sinn. Dës goufen tëscht dem 23. an dem 25. Oktober an de Butteker hei am Land verkaf.