E. Schneider Gesondheetsminister, P. Lenert Kooperatioun, D. Kersch Sport
D'Taina Bofferding géif RTL-Informatiounen no Inneministesch ginn, de Lex Delles géif den Tourismus kréien, de François Bausch kréich d'Verdeedegung dobäi.
Déi grouss Linnen aus dem Koalitiounsaccord sinn zanter en Donneschdeg gewosst. Um Freideg soll dann och definitiv kommunizéiert ginn, wéi eng Partei wéi eng Ressorte kritt.
Dës Opdeelung vun Ministèren a Ministeren steet zanter RTL-Informatiounen ewell zanter Deeg fest an zanter e Mëttwoch den Owend hu mer iech jo och ewell dës Ekipp vun 17 Ministeren presentéiert.
Datt et dobäi bannent de Parteien nach géif zu verschiddenen Ännerungen komme war kloer an sou ass et och elo - op d'mannst wat d'LSAP ugeet, wou een och nach um Donneschdeg den Owend beienee souz: Ugangs hat et geheescht, datt d'Santé fir d'Newcomerin Paulette Lenert wier, mä deem ass net méi sou.
Eise Sourcen no, déi sech mat deene vun de Kollege vum Quotidien iwwerschneiden, ass et esou, datt de Gesondheetsressort fir den designéierten Vize-Premier a Wirtschaftsminister, den Etienne Schneider ass.
D'Paulette Lenert kënnt wuel an d'Regierung, mä kritt mat der Kooperatioun an dem Konsumenteschutz, deen en eegestännege Ministère gëtt, des 2 Portefeuillen.
De Romain Schneider, dee jo neien Landwirtschaftsminister dierft ginn, behält iwwerdeem de Ministère vun der Sécurité sociale; den Dan Kersch sengersäits dierft nieft dem Aarbechtsministère och dee vum Sport kréien - och dës RTL-Informatioun bleift um Freideg de Moien nach ëmmer aktuell.
Eisen Informatiounen no dierft déi nei Regierung folgendermoossen ausgesinn:
- Xavier Bettel (DP): Premierminister, Minister fir Digitales, Medien a Kommunikatioun
[block type="attachment" id="57960002" __caption="Bettel"]Wéi erwaart, dierft de momentane Formateur weider op deene Posten, déi en och déi lescht Legislaturperiod iwwer hat, bleiwen.
- Etienne Schneider (LSAP) : Vizepremierminister, Wirtschaftsminister, Gesondheetsminister
[block type="attachment" id="57960004" __caption="Schneider E."]RTL-Informatiounen no, déi sech mat deene vum Quotidien iwwerschneiden, ass et esou, datt de Gesondheets-Ressort fir den designéierten Vizepremier a Wirtschaftsminister, den Etienne Schneider, ass.
- Félix Braz (Déi Gréng): Vizepremierminister a Justizminister
[block type="attachment" id="57960005" __caption="Braz"]Schonn am Joer 2013 sollen déi Gréng eisen Informatiounen no e „Splitting“ vum Poste vum Vizepremier gefrot hunn. Nom Walresultat vun deene Gréngen, géif dat och Sënn maachen, well d'Fuerderung, wéi gesot, scho bei de leschte Koalitiounsverhandlunge vun déi Gréng gestallt gouf.
- Corinne Cahen(DP): Familljeministesch
[block type="attachment" id="57960006" __caption="Cahen"]Déi aktuell Familljeministesch soll och fir déi nächste 5 Joer dëse Posten iwwerhuelen.
- Claude Meisch(DP): Educatiounsminister
[block type="attachment" id="57960111" __caption="Meisch"]Wéi ze erwaarden, soll och de Claude Meisch de Poste vun der Bildung nees kréien.
- Lex Delles(DP): Minister fir Tourismus a Mëttelstand
[block type="attachment" id="57960115" __caption="Delles"]De Lex Delles, Député-maire vu Munneref, wier dann deen éischte Kandidat deen e Ministerposte kréich, awer nach net virdrun an enger Regierung war.
- Pierre Gramegna(DP): Finanzminister
[block type="attachment" id="57960110" __caption="Gramegna"]Och beim Ressort vun de Finanze wäert aller Wahrscheinlechkeet no d'DP hire Posten an och zoustännege Minister behalen.
- Marc Hansen (DP): Minister vun der Fuerschung, Fonction Publique an delegéierte Minister fir Digitalisatioun
[block type="attachment" id="57960166" __caption="Hansen"]Beim DP-Politiker ass nach net genee gewosst, wéi eng Posten hie wäert iwwerhuelen. Sécher schéngt bis elo just d'Fuerschung. D'Fonction Publique, déi eisen Informatiounen no sécher an der Hand vun der DP läit, kéint e weidere Ressort fir de Marc Hansen sinn a géif sech da mat den Informatioune vum Wort decken. Dobäi kënnt nach, dass de Marc Hansen an d'Regierung kéim, allerdéngs net gewielt gouf.
- Romain Schneider (LSAP):Landwirtschaftsminister a Sécurité sociale
[block type="attachment" id="57960112" __caption="Schneider R."]De fréiere Sportminister soll d'Landwirtschaft iwwerhuelen. De Fernand Etgen, deen dëse Posten an der leschter Regierung hat, dierft RTL-Informatiounen no jo sécher Chamberpresident ginn. Hie behält och d'Sécurité sociale.
- Taina Bofferding (LSAP): Inneministesch a Chancëgläichheetsministesch
[block type="attachment" id="57960243" __caption="Bofferding"]Eng weider grouss Iwwerraschung ass d'Taina Bofferding, déi de wichtege Ressort vum Inneministère soll vum Dan Kersch iwwerhuelen. D'Taina Bofferding wier domadder fir d’éischte Kéier an enger Regierung.
- Dan Kersch (LSAP):Aarbechts- a Sportminister
[block type="attachment" id="57960109" __caption="Kersch"]Den Nicolas Schmit, dee sech jo fir de Poste vum EU-Kommissär zu Bréissel interesséiert, huet de Ressort vum Aarbechtsministère fräigemaach a gëtt vum Dan Kersch, dee bis ewell Inneminister war, iwwerholl. Dee Ministère leeft ënnert dem Titel "Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire". Donieft kritt den Dan Kersch och de Posten als Sportsminister.
- Paulette Lenert (LSAP): Ministesch fir d'Kooperatioun an de Konsumenteschutz
[block type="attachment" id="57960362" __caption="Paulette Lenert"]D'Paulette Lenert kënnt wuel an d'Regierung, mä kritt mat der Kooperatioun an dem Konsumenteschutz, deen en eegestännege Ministère gëtt, 2 Portefeuillen.
- Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister, Minister fir Migratioun & Asyl
[block type="attachment" id="57960108" __caption="Asselborn"]De meeschtgewielte Politiker am Land soll och an der neier Regierung de Poste vum Ausseminister an d‘Responsabilitéit fir d'Migratioun kréien.
- François Bausch(déi Gréng): Minister fir Mobilitéit, Travaux publics, Verdeedegung a Bannenzeg Sécherheet
[block type="attachment" id="57960244" __caption="Bausch"]Niewent de Ressorte vu Mobilitéit an Travaux publics, géif de François Bausch awer och iwwerraschend d'Verdeedegung (Arméi) a Bannenzeg Sécherheet (Police) iwwerhuelen, déi virdrun nach vum Etienne Schneider vun der LSAP geréiert goufen.
- Sam Tanson (Déi Gréng) : Ministesch fir de Logement, Kulturministesch
[block type="attachment" id="57960116" __caption="Tanson"]Och d'Informatiounen iwwert d'Sam Tanson an hire Rôle an der neier Regierung ware scho vun RTL publizéiert ginn. D'Sam Tanson wier déi éischte Kéier an enger Regierung.
- Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Developpement durable
[block type="attachment" id="57960114" __caption="Dieschbourg"]De Ressort vun der Ëmwelt, Klima an Developpement durable am Nohaltegkeetsministère soll bei deene Grénge bleiwen, de Poste géif weiderhi vum Carole Dieschbourg besat ginn.
- Claude Turmes (Déi Gréng): Minister fir Energie a Landesplanung
[block type="attachment" id="57960113" __caption="Turmes"]Den 3. Gréngen am Nohaltegkeetsministère géif d'Ressorte vun der Energie an der Landesplanung iwwerhuelen a wier och fir déi éischte Kéier an der Regierung dobäi.
Fraktiounscheffe vun de Regierungsparteien
Bei de Fraktiounscheffe géifen d'Josée Lorsché vun déi Gréng an den Alex Bodry vun der LSAP, respektiv no enger Transitiounsphas, de Buergermeeschter vu Suessem, de Georges Engel dëse Poste besetzen. Anescht wéi gemellt ass Max Hahn awer bei der DP kaum an där Course.
Persounen, déi net méi an der Regierung sinn
Eisen Informatiounen no dierft dann d'Francine Closener, déi jo net méi zeréckgewielt gouf, e Posten am Ausseministère kréien an zoustänneg gi fir de „Nationbranding“.
De Poste vum EU-Kommissär gouf der LSAP attribuéiert; dee vum Chamberpresident ass fir de Fernand Etgen (DP).
D'Lydia Mutsch hat de Sprong an d'Chamber no de Walen net méi gepackt an ass net méi bei der Formatioun vun der neier Regierung dobäi. Och de Guy Arendt, Staatssekretär am Kulturministère ass net méi dobäi.
Henri Kox bleift um Krautmaart, Martin Kox verzicht
Nodeems kloer ass, datt d’Carole Dieschbourg fir déi Gréng am Osten an der Regierung bleift, ass och eng weider Personaldecisioun geholl. Wéi eis den Henri Kox um Donneschdeg de Moien op Nofro hin erkläert huet, wäert hien déi Gréng och déi nächst 5 Joer um Krautmaart vertrieden.
Säin eelere Brudder Martin Kox, grénge Schäffen vun Esch an Kandidat op der Südlëscht, verzicht deemno op säi Mandat.
D’Walgesetz verbitt bekanntlech, datt Familljememberen bis den zweete Grad zesummen an d’Chamber kommen. Den Henri Kox war hannert dem Carole Dieschbourg Zweetgewielte bei de Gréngen am Osten.
De Martin Kox koum de 14. Oktober, hannert Felix Braz, Roberto Traversini a Josée Lorsché op déi 4. Plaz op der grénger Südlëscht.
- Claude Turmes (Déi Gréng): Minister fir Energie a Landesplanung
- Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Developpement durable
- Sam Tanson (Déi Gréng) : Ministesch fir de Logement, Kulturministesch
- François Bausch(déi Gréng): Minister fir Mobilitéit, Travaux publics, Verdeedegung a Bannenzeg Sécherheet
- Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister, Minister fir Migratioun & Asyl
- Paulette Lenert (LSAP): Ministesch fir d'Kooperatioun an de Konsumenteschutz
- Dan Kersch (LSAP):Aarbechts- a Sportminister
- Taina Bofferding (LSAP): Inneministesch a Chancëgläichheetsministesch
- Romain Schneider (LSAP):Landwirtschaftsminister a Sécurité sociale
- Marc Hansen (DP): Minister vun der Fuerschung, Fonction Publique an delegéierte Minister fir Digitalisatioun
- Pierre Gramegna(DP): Finanzminister
- Lex Delles(DP): Minister fir Tourismus a Mëttelstand
- Claude Meisch(DP): Educatiounsminister
- Corinne Cahen(DP): Familljeministesch
- Félix Braz (Déi Gréng): Vizepremierminister a Justizminister
- Etienne Schneider (LSAP) : Vizepremierminister, Wirtschaftsminister, Gesondheetsminister