Persoun zu Beggen ugestouss, ee Blesséierten tëscht Useldeng a Rippweiler
                    Op de Stroossen uechter d'Land gouf et en Dënschdeg de Moien eng Rei Accidenter.
An der Rue H. Dunant zu Beggen gouf um 10.22 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad waren am Asaz, fir der blesséierter Persoun ze hëllefen.
Ee Blesséierte gouf et dann och um 9.35 Auer op der Route Nationale 24 tëscht Useldeng a Rippweiler. Hei waren zwee Autoen net laanschtenee komm. D'Pompjeeë vun Useldeng an d'Ambulanz vu Réiden waren op der Plaz.
Accidenter ouni ee Blesséierte gouf et dann nach um 6.44 Auer um CR179 tëscht Leideleng an Zéisseng bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen a géint 8.30 Auer um CR148 tëscht Elleng a Welfreng, wou een eenzelen Auto accidentéiert war.