Lëtzebuerger Regierung accordéiert Konzessioun fir "OQ Technology"
                    © OQ Technology
D'Entreprise "OQ Technology" mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg, krut vun der Lëtzebuerger Regierung eng Konzessioun fir satellittebaséiert 5G-Déngschter.
Dat huet "OQTechnology", ee vun de weltwäit féierende Fournisseure vu 5G-Satelliten, NTN (Non-Terrestrial Network)-Connectivitéit an Direct-to-Device (D2D)-Kommunikatioun en Dënschdeg an engem offizielle Schreiwes annoncéiert. Mat dëser Konzessioun ass et der Entreprise vun elo u rechtlech an technesch méiglech, satellittebaséiert 5G-Reseaue mat D2D- an "Internet of Things" (IOT)-Connectivitéit opzebauen an ze bedreiwen a sou 5G-Reseauen op der ganzer Welt ze offréieren.
Am Schreiwes schwätzt d'Entreprise vun engem "Meilestee fir de Lëtzebuerger Raumfaart-Ökosystem". Et wier awer net nëmme fir Lëtzebuerg, ma och fir Europa een "historesche Schrëtt" an der Entwécklung vun "net-terrestresche 5G-Netzwierker". D'Konzessioun gouf vun der Ministesch fir Medien a Connectivitéit Elisabeth Margue accordéiert.
"Satellittebaséiert Connectivitéit, wéi se zu Lëtzebuerg vun 'OQ Technology' entwéckelt gëtt, huet d'Potenzial, den Zougang zu digitalen Déngschter an ofgeleeëne Géigenden ze verbesseren an zu der Resilienz vun eiser Kommunikatiounsinfrastruktur bäizedroen", sou d'Elisabeth Margue.
5G-Reseau zu Lëtzebuerg
99,6 Prozent vum Lëtzebuerger Territoire si mëttlerweil vum 5G-Réseau couvréiert, dat ass eng Progressioun vu knapp 7 Prozent géintiwwer Enn 2023. Dat äntwert déi zoustänneg Medien- a Connectivitéits-Ministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vun der DP.
Déi minimal 0,4 Prozent, wou et kee 5G gëtt, wieren awer duerch de 4G-Reseau couvréiert, firwat een do net vu "zones blanches" kéint schwätzen. Virun allem am Süden vum Land wier de 5G besonnesch ausgepräägt, wat dermat ze dinn huet, dass do och vill méi Leit wunnen.
D’Ministesch ënnersträicht, dass e Verbessere vum Kommunikatiounsreseau och weider eng Prioritéit vun der Regierung bleift. Weider 5G-Antenne vun den Operateuren am ganze Land ginn dofir och opgeriicht. Déi genee Strategie ass hinnen iwwerlooss.