An der Luxexpo um Kierchbierg ass déi nächst 9 Deeg eppes méi lass. E Samschdeg de Moien ëm 10 Auer mécht d'Fréijoersfoire offiziell hir Dieren op.

E Samschdeg de Moien war déi feierlech Ouverture vun der Fréijoersfoire. De President Raymond Schadeck huet hei déi fir d'Zukunft geplangten Neiegkeeten op der Foire presentéiert, vun deenen der e puer schonn dëst Joer realiséiert gi sinn. Dorënner de „Square des grands vins et crémants du Luxembourg“, wou een lëtzebuergesche Wäin a Cremant ka schmaachen, d'“Place gourmande“, d'“Esplanade des loisirs“, déi ganz am Zeeche vun der Football-WM steet an de Wantergaart, wou een Schlittschong ka fueren.

Am Mëttelpunkt vun der Ried vun der Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener stoung dogéint d'Wirtschaftssituatioun zu Lëtzebuerg. Si huet betount, dass een sech misst domat offannen, dass d'Situatioun net méi sou gutt wéi virun der Kris géif ginn. An awer géifen d'Prognose vum Statec fir dëst Joer duerchaus e positiven Trend weisen. Fir 2014 geet de Statec nämlech vun enger Hausse vun 3,1% vum PIB aus. D'Inflatioun soll de Viraussoen no fir dëst Joer bei 1,5% leien a bis 2018 net iwwer 2% klammen, de Beschäftegungstaux soll iwwerdeems an den dräi nächste Joer ëm 2,5% an der Moyenne klammen.

Ma et ginn duerchaus och Entwécklungen, déi der Staatssekretärin suerge maachen. D'Staatsschold ass ganz staark vun 2,5 Milliarden Euro am Joer 2007 op 11 Milliarden Euro d'lescht Joer. Och de Chômagetaux wäert net sou séier erofgoen, wéi een sech dat wënscht. D'Previsiounen si 6,5% fir d'Joeren 2016 bis 2018.

Iwwerdeems huet d'Francine Closener kloer gemaach, dass och aner Secteure viru groussen Erausfuerderunge stinn. Sou dierft een z.B. d'Entwécklung vum nohaltege Bauen am Bausecteur net verpassen. Ma och an de Secteure Commerce an Tourismus géif et nach vill ze maache ginn, sou d'Staatssekretärin weider.

Op der 103. Editioun stellen iwwregens ronn 360 Exposanten aus.

Am Virfeld vun der Fréijoersfoire appeléiert d'Police d'Automobilisten am beschten d'Park & Ride ze benotzen, respektiv mam ëffentlechen Transport an d'Stad ze kommen. D'Navette fueren all Véierelstonn, gratis vum Parking Place de l'Europe, vun der Coque an dem Konrad Adenauer.

Indisziplinéiert Automobilisten, wéi d'Police se nennt, musse mat repressive Mesure rechnen. D'Police verstäerkt d'Zäit vun der Foire hir Präsenz.

D'Fréijoersfoire dauert bis e Sonndeg 8 Deeg.

VIDEO: Fréijoersfoire am neie Look
Optakt haut vun der Fréijoersfoire an der Luxexpo. D'Editioun 2014 presentéiert sech an engem ganz neie Look a mat engem ganz neie Konzept.